De Leo Friedrich ass en Techno an House DJ a Produzent, deen iwwer déi lescht fënnef Joer an der Zeen aktiv ass.

"Dat mam DJen ass am Fong nom Organiséiere vu Partye komm", erënnert sech de Leo. "Wéi mir 15 oder 16 Joer haten, war ech eng Kéier mat engem Kolleeg am Epic fir eng Gebuertsdagsparty an déi war... net sou cool, an do sote mir eis, dat kéinte mir u sech besser maachen. Dunn hate mir beim Club ugefrot, kruten dat accordéiert, an hunn eis éischt Party do mat 15, 16 Joer organiséiert, wat, wann ech elo zeréckdenken, zimmlech komesch ass, wann een an deem Alter e Club fir Leit iwwer 18 Joer lount. Mä et war gutt gaangen. Mir haten eng 800 Leit do an dunn hu mir weidergemaach."

RTL

© Arthur Ranzy

Duerch dat Organiséiere vu Partye war de Leo dunn och ëmmer méi a Kontakt mat DJe komm, wat him Loscht ginn huet, sech selwer hannert d'Mëschpult ze trauen. Ufanks war hien éischter am Drum-and-Bass-Beräich aktiv. Iwwer d'Joren ass en dunn ëmmer méi op Tech-House eriwwergaangen an dovunner och ni méi lasskomm.

"Stil wiessele géif ech elo net méi wierklech, well een am Techno-Beräich schonn esou vill Variatioun a verschidde Sous-Kategorien huet, dass engem net langweileg gëtt. Ech si keen, dee sech limitéiert op just Techno oder just House - ech spille wierklech vu bis. Dat hänkt ëmmer vun der Location, vun de Leit, vun der Party an der Zäit of."

Ofwiesslung kritt de Leo genuch. Nieft senger Participatioun beim "Lauter Unfug"-Kollektiv an de "Freunde der Nacht" leet hien ëmmer emol rëm a verschiddene Clubben am Ausland op, ewéi zum Beispill am "Mauerpfeiffer" zu Saarbrécken, "Suicide Circus" zu Berlin oder och am "Bootshaus" zu Köln.

An nächster Zäit wäert de Leo awer haaptsächlech zu Réimech ze fanne sinn. Den 23 Joer jonken DJ huet nämlech viru Kuerzem hei seng eege Bar um éischte Stack vun der Gare Routière opgemaach.

"Dat ass e Projet, deen zoufällegerweis entstanen ass duerch aner Projeten, déi ech niewebäi maachen", sou de Leo. "Et soll eng Zort kulturellen Treffpunkt ginn, wou een ënnert der Woch, awer och Weekends ka cool Momenter hunn an eppes Guddes drénke goen, ouni dass een onbedéngt dofir muss an d'Stad fueren."

DJ Serie - Leo Friedrich

Fir de Rescht, probéiert de Leo sech dëst Joer och erëm méi hannert d'Produzéieren ze knéien. Méi Informatiounen dozou fënnt een dann hei, soubal et sou wäit ass.