En Dënschdeg gouf annoncéiert, dass de Popstar Robbie Williams en zweete Concert zu Lëtzebuerg gëtt. RTL hat Tickete verspillt an lo eng Gewënnerin gezunn.

Mëtt Dezember hu vill Fans sech den 11. Juli rout ugestrach um Kalenner. Deen Dag steet de Robbie Williams bei der Luxexpo op der Bün.

Scho mat der Annonce, dass de Megastar Robbie Williams am Kader vu senger "XXV Tour" och op Lëtzebuerg kënnt, war et ville Fans kloer - un Tickete kommen, dat gëtt wuel net einfach. Verwonnerlech war do also net, dass den Open-Air-Concert den 11. Juli bei der Luxexpo an Nullkommanäischt ausverkaaft war.

Ëmsou méi dierft et déi vill traureg Fans, déi keen Ticket kruten, freeën, dass elo en zousätzlechen Datum dobäi kënnt. Den 10. Juli, dat heescht een Dag virum schonn annoncéierten Open-Air-Concert, kann ee de Robbie Williams deemno schonn um Parvis vun der Luxexpo bewonneren.

D'Tickete ginn e Mëttwoch 1. Februar 2023 um 10 Auer um Internetsite vum Atelier an d'Vente.


D'Gewënnerin steet fest

Mir hunn exklusiv eng Koppel "Golden-Circle" Tickete verspillt, extra no un der Bün. Een Dag laang konnt ee sech mellen a mir hunn e gléckleche Gewënner gezunn.

Kuerz viru 14 Auer e Mëttwoch de Mëtteg krut dunn d'Diane J. vu Munneref ugeruff. Si huet zouginn, dass si déi éischte Kéier bei engem RTL-Gewënnspill matgemaach huet an "zack" gewonnen huet. Sou kann et goen.

Mir wënschen dem Diane vill Spaass beim Robbie a vläicht fënnt si souguer nach de Courage, ze froen, ob hie mat hier iesse geet...

Lauschtert nach emol, wéi frou d'Diane war