Déi 95. Editioun vun den Academy Awards ass den 12. Mäerz 2023 um 1 Auer Lokalzäit am Dolby Theatre zu Los Angeles. De Countdown leeft. Verschidde Quartiere vum berüümten Hollywood-Boulevard goufe scho gespaart an de rouden... pardon, de beigen Teppech ass schonn ausgerullt.
Ma wat erwaart eis bei der Oscar-Night 2023? Hei e klenge Round-up.
D’Wal vun den Oscar-Gewënner ass gelaf an d’Gewënner stinn u sech scho fest. Fir d’Resultat vun der Ofstëmmung gewuer ze ginn, muss ee sech awer nach bis e Sonndeg, respektiv bis d’Nuecht op e Méindeg gedëllegen.
Bis en Dënschdeg Lokalzäit hunn d’Stëmmziedele vun den iwwer 9.500 Oscar-Jugë misse bei der Filmakademie dobanne sinn. Mataarbechter vun der Firma Pricewaterhouse Coopers ziele sämtlech Stëmme fir déi 23 Kategorien elo aus. Bis e Sonndeg hu si Zäit. D’Resultater kommen an déi berüümten zouen Enveloppen, déi réischt an der Oscar-Nuecht opgemaach ginn.
Zanter 1961 gëtt et de wuel bekanntste rouden Teppech, an zwar deen, wou d’Hollywood-Stare bei den Oscaren driwwer ginn. Eng éischte Kéier gëtt et elo awer kee rouden, mä e beigen Teppech, oder méi chic ausgedréckt “Schampes-faarweg”.
De Moderator an US-Komiker Chris Rock war beim Ausrullen dobäi a sot de beige Teppech géif weisen, datt een zouversiichtlech wier, datt kee Blutt géif fléissen. Zejoert hat de Rock jo eng geklaakt kritt, Blutt war do awer och net gefloss.
Wie sech elo freet, wisou? De Bill Kramer, CEO vun der Osar-Akademie, huet als Erklärung uginn, dass een et wéilt méi elegant gestalten. D’Stars géifen nach méi glamouréis wierken ouni de roude Stoff ënnert sech.
E Schockmoment wéi d’lescht Joer, wéi den Acteur Will Smith dem Komedien Chris Rock op der Bün eng op de Bak ginn hat, aus Roserei wéinst engem Witz iwwert dem Smith seng Fra, soll et dëst Joer net ginn. D’Organisateuren hunn dofir extra e Krisen-Team zesummegestallt. De Will Smith gouf jo do och fir 10 Joer vun den Oscaren ausgeschloss.
Wéi all Joer ass et och fir gutt etabléiert Acteuren en Highlight, wa si op der Bün eng vun den Enveloppen opmaachen an e Gewënner annoncéieren dierfen. Prominent Hëllef gëtt et zum Beispill vum Antonio Banderas, Nicole Kidman a Sigourney Weaver, ma och Nimm wéi Glenn Close, Riz Ahmed, Zoe Saldaña, Riz Ahmed, Dwayne Johnson a Michael B. Jordan goufe genannt. Mat dobäi awer och nach d’Ariana DeBose an den Troy Kotsur, déi d’lescht Joer en Oscar krute als bescht Niewenduersteller.
Fir déi drëtte Kéier, no 2017 an 2018, presentéiert den Jimmy Kimmel d’Oscar-Night, fir de musikalesche Programm stinn d’Rihanna an den David Byrne op der Bün.
Dacks scho virun der eigentlecher Präisverdeelung dierfen Nominéierter an de Kategorië Schauspill a Regie sech iwwer ganz exklusiv Kaddoe freeën. Dorënner gär mol Bonge fir ästhetesch Agrëff oder héichwäerteg Vakanzen. Wéi ëmmer ginn et och nees ganz héichwäerteg Fleegeproduiten an aner Gadgeten.
Beschte Film
Bescht Regie
Bescht Schauspillerin
Beschte Schauspiller
Och Lëtzebuerg ass dëst Joer nees zu Hollywood vertrueden mat “La valise rouge”. De Film vum Lëtzebuerger Realisateur Cyrus Neshvad ass als beschte Kuerzfilm nominéiert.
D’Lëtzebuerger Koproduktioun “Corsage”, an där d’Vicky Krieps jo d’Haaptroll als éisträichesch Keeserin Sissi spillt, ass net vun der Oscar-Akademie zréckbehale ginn.
E Freideg ass de Cyrus Neshvad vu Los Angeles zougeschalt an der Emissioun “Life! Planet People”.