Nom grousse Succès vum leschte Joer kann een dann och dëst Joer erëm sëllege Bands, wéi de Peter Fox oder nach Interpol, um Terrain hannert dem CNA gesinn.

Dëst Joer gouf de Site allerdéngs nei opgedeelt, ma de Prinzip bleift de selwechten, niewent der Musek stinn och d’Konscht an d’Restauratioun am Mëttelpunkt.

E Festival op dës Manéier gouf et zu Lëtzebuerg nach net. D’Stad Diddeleng, den Atelier an de Gudde Wëllen souwéi eng sëllege Kulturhaiser an Associatiounen hu sech zesummegedoen, fir ee multikulturelle Festival ze kreéieren. Dës zweeten Editioun war eng Evidenz fir d’Organisateuren. Den John Rech, Direkter vun op der Schmelz seet, datt de Festival d’lescht Joer e grousse Succès hat.

Dëst Joer steet dann di grouss Bün, wou d’Headliner, wéi de Peter Fox, Triggerfinger oder Interpol spille wäerten, direkt hannert dem CNA um Parking. Deen 2. Deel vum Festival ass dann erëm wéi d’lescht Joer hannen um Site Nei Schmelz. An och dëst Joer gesäit sech den Usina-Festival als Familljefestival. Et goufe méi Plaze mat Schied virgesinn, eng Kritik vum leschte Joer, an och genuch Waasser-Distributeure si geplangt.

Niewent de Concerte kann een och u Workshoppen deelhuelen, bei Konferenzen eralauschteren an am CNA selwer stellen d’Catherine Elsen an d’Charlotte Bruneau hir interaktiv Toun-Installatioun: The memory of voice vir. Hei gëtt de Spectateur Deel vu engem Gesamtwierk, an deem hien duerch virtuell Realitéit an d’Manipuléiere vun Objeten, Téin a Musek selwer kreéiert.

Tickete kritt ee fir samschdes a sonndes nach online sou wéi um Site selwer. Ee Park&Ride-Service gëtt och ugebueden an d’Leit kënnen natierlech och mam ëffentlechen Transport op de Site vum Festival kommen.