Däitsch Familljeministesch fuerdert bessere Schutz fir Fraen op Concerten

© Steve Müller
Eng Partie Fraen hunn uerg Reprochë géint de Sänger Till Lindemann vun der däitscher Band Rammstein erhuewen.
Dëse soll no a viru Concerte vun der Band Sex mat Frae gehat hunn, déi speziell dofir erausgesicht goufen. 2 vun den Affer hunn antëscht explizitt gesot, dass de Geschlechtsverkéier géint hire Wëlle passéiert wier.
Däitsch Familljeministesch schalt sech an; Concerten ënner Oplagen
Trotz dëse Reprochë sinn déi 4 Concerten, déi d'Band vun e Mëttwoch un zu Münche spillt, ausverkaaft. Déi däitsch Familljeministesch Lisa Paus vu "Bündnis 90/Die Grünen" huet an dem Zesummenhang gefuerdert, dass Fraen an der Museksindustrie misste besser geschützt ginn.
D'Concerte wäerten iwwerdeems ënner speziellen Oplage stattfannen. Esou huet de Promoteur "Propeller Music", déi d'Concerten organiséiert hiren Accord ginn, dass Mataarbechter vum Münchener "Kreisverwaltungsreferat" bei de Concerte wäerten op der Plaz sinn. Dës wäerten dann och an enkem Kontakt mat der Police stoen. Ausserdeem wäerte keng Fans direkt virun der Bün stoen an et wäerte keng Afterpartye ginn.
Éischt Reaktioun vun der Band
Antëscht huet dann och d'Band selwer op d'Reprochë géint hire Frontmann reagéiert. An engem Post op Instagram heescht et, dass een d'Reprochë géif eescht huelen an all Zort vun Iwwergrëffer géif verurteelen. D'jonk Fraen, déi sech ëffentlech geäussert hunn, hätten e Recht, op hir Siicht op d'Saachen. Als Band hätt een awer och d'Recht, net virverurteelt ze ginn.
Ausserdeem huet d'Band eng Firma agestallt, déi op Krisekommunikatioun spezialiséiert ass, an et goufen éischt personell Konsequenze gezunn. Eng Fra, déi zanter 2019 mat der Band ënnerwee war, a sech selwer als "Casting-Directrice" bezeechent huet, krut elo verbueden, sech op de Concerte vu Rammstein opzehalen.
Ëm wéi eng Reprochë geet et?
Bei der Fra handelt et sech ëm eng russesch Staatsbiergerin mam Numm Alena Makeeva. Dës soll, der "Welt am Sonntag" op Concerte vu Rammstein geziilt Fraen ugeschwat an an e Raum hannert der Bün guidéiert hunn. Hei soll den Till Lindemann sech dann d'Fraen ausgesicht hunn. An deem Kontext hätten d'Fraen och Drogen ugebuede kritt.