Nom grousse Succès vu leschtem Joer ass et den nächste Weekend zu Rued-Sir un der 2. Editioun vum Betzfield Open Air.

Summer-Agenda: 2. Editioun vum Betzfield Open Air

Et handelt sech heibäi awer elo net ëm e klasseschen Open Air, wéi een dat vläicht gewinnt ass. Villméi besteet hei d'Méiglechkeet, Picknick a Concert matenaner ze verbannen. Et kann een entweder säin eegene Picknick a säi Gedrénks matbréngen, soulaang dëst net a Glas oder Metall ass oder et profitéiert ee vum Catering op der Plaz. Wat den 1. an den 2. September hei um Programm steet, weess d'Nathalie Grégoire vum Service Communication vun der Gemeng Betzder:

"Freidegowes ass et eng Tribute Band vum Michael Jackson a Samschdegowes ass dat Ganzt ënnert dem Motto "Stefanie Heinzmann meets Luxrock", dat heescht eisen Highlight Stefanie Heinzmann mat der Tournée "Celebrating Love and Live" an dann 2 Lëtzebuergesch Virgruppen, Superdrive an De La Mancha, déi dann e bëssi virheizen."

De Site, op deem deen Open Air organiséiert gëtt, ass eemoleg a bitt sech reegelrecht fir e Picknick-Concert un.

"Et ass esou wéi en natierlechen Amphitheater an d'Bün steet quasi virun enger Bëschkuliss. Et huet een d'Gefill et ass ee matten an der Natur, et ass wierklech ee super Kader an doduerch, dass et ebe wéi en Hiwwel ass, ass een och vun uewen, och wann een do gemittlech op senger Picknick-Decken, gesäit een awer iwwerall gutt op d'Bün."

Ënne kann een awer natierlech och stoen, danzen a mat rocken, wéi dat op sou Concerten nawell gären de Fall ass.

Tickete ginn et entweder am Virfeld op ticketregional.lu, wou een direkt e Combi-Ticket kafe kann, oder awer och nach an der Oweskeess déi 2 Deeg. Well um Site selwer keng Parkméiglechkeete sinn, ass eng Busnavette virgesinn:

 

"Wann ee vun Nidderaanwen kënnt, direkt riets viru Rued-Sir eran an d'Rue Strachen, do ass e grousse P&R an do hu mir dann och eng Busnavette lafen, well um Site selwer si keng Parkméiglechkeeten, dat heescht et kënnt een och quasi guer net mam Auto bei de Site. Dee fiert och déi ganzen Zäit, wann een da Mol keng Loscht méi huet oder wéi och ëmmer, dee Service bidde mir de Visiteure gratis un."

2 villverspriechend Concerten op engem aussergewéinleche Site deemno. Weider Informatioune fannt Dir op der offizieller Homepage.

All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:

Den Tipp vun e Méindeg: Fotoexpo Nature’s Luxembourg Veianer Schlass

Den Tipp vun en Dënschdeg: Op Entdeckungsrees an der "Schlammwiss"

Den Tipp vun e Mëttwoch: Mam Solarboot um Stauséi

Den Tipp vun en Donneschdeg:"Mähdreschercross" zu Rammerech

Den Tipp vun e Freideg:LuxPlaymoDays zu Käerjeng

Den Tipp vun e Samschdeg:Techno-Party um Schëff