Déi fënnef Bicher vun der Shortlëscht si grondverschidden am Genre, am Thema an an der Sprooch. Wie ka sech Hoffnungen op de Präis maachen?

Dräi Fraen an zwee Männer, dräi Bicher op Däitsch, eent op Englesch an eent op Lëtzebuergesch. Eemol Poesie, eemol "Bande non-dessinée" (Dréibuch), eemol Erzielung an zweemol Roman. Dräi vun de Kandidat(inn)en hunn op d'mannst schonn ee Servais an hirem Palmarès. Et ass also sécher net d'Diversitéit, déi op der Shortlëscht vum Servais-Präis feelt. Dat war jo och d'Zil vum Jury, dee mat der Publikatioun vun der Shortlëscht "op d’Diversitéit an d’Qualitéit vun der Literaturproduktioun zu Lëtzebuerg hiweisen" wollt.

Wie sinn déi fënnef Auteur(inn)en, déi sech dëst Joer Hoffnungen op dee mat 7.500 Euro dotéierte Literaturpräis maache kënnen, a wéi eng Bicher stinn zur Auswiel?

E kuerzen Iwwerbléck



Margret Steckel, Doswidanja, Genosse. Erzählung, capybarabooks.

RTL

Fir d'Margret Steckel reent et an der leschter Zäit Präisser. Nodeems si 2023 mam Batty-Weber-Präis fir hiert Lieweswierk ausgezeechent gouf, huet si um Dag vun der Präisiwwerreechung hir Novell "Mutterrache" virgestallt. A krut fir genee dës Novell am Joer drop de Lëtzebuerger Buchpräis. Och de Servais-Präis konnt si (1997 fir d'Erzielung "Der Letzte vom Bayrischen Platz") schonn eng Kéier mat heem huelen. Op der Shortlëscht vun dësem Joer steet mat der Erzielung "Doswidanja, Genosse", nees eng Kéier e kuerzen Text, deen awer e staarken Androck hannerléisst. D'Annonce vum Servais-Präis, déi fir Enn Abrëll geplangt ass, géif bal mat hirem 91. Gebuertsdag zesummefalen, dee si de 26. Abrëll feiert.

Guy Rewenig, Goss. Roman, éditions guy binsfeld.

RTL

© Foto Guy Rewenig: Edmée Schonckert Coverdesign: Pat Wengler

E kuerzen Text ass dem Guy Rewenig säin neie Roman "Goss" sécher net! Op eppes méi wéi 600 Säiten kann een dem Protagonist Sascha Rink nokucken, wéi e senge Matmënsche Sand an d'Ae street a seng eege Wouerecht erfënnt. De Guy Rewenig an Héchstform! Fir den Auteur wier et deen drëtte Servais-Präis no 2006 (fir d'Kannerbuch "Passt die Maus ins Schneckenhaus?") an 2010 fir "Sibiresch Eisebunn" (ënnert dem Pseudonym Tania Naskandy).

Tomas Bjørnstad, Die Verlorenen. Film (Bande non dessinée), éditions guy binsfeld.

RTL

Och den Nico Helminger konnt säin Numm schonn zweemol an d'Lëscht vun de Servais-Laureaten androen. (2014 fir de Gedichtband "Abrasch" an 2018 fir de Roman "Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge"). Mat dëser Publikatioun ënnert sengem Heteronym Tomas Bjørnstad kéint him dat elo eng drëtte Kéier geléngen. Dëse rasante Roadmovie mat deenen zwee Optragskiller Roy a Roy ass eng Rees duerch d'franséisch Banlieue a gläichzäiteg duerch d'Filmgeschicht.

Anne-Marie Reuter, M for Amnesia. Roman, Black Fountain Press.

RTL

D'Erënnerung, a wéi se eis heiansdo hannert d'Liicht féiere kann, steet am Mëttelpunkt vun der Anne-Marie Reuter hirem Débutroman. Dësen dystopesche Roman an englescher Sprooch spillt an enger Zukunft an der d'Mënschen sech kënschtlech optimiséiere loosse kënnen, dës Optioun gëtt et awer net fir jiddereen. D'Erzielung gëtt zu engem Balanceakt tëscht physeschem Mënschsinn an Technologie - eng Zukunft, déi villäicht guer net esou wäit ewech ass. D'Anne-Marie Reuter ass keng Onbekannten an der Lëtzebuerger Literaturzeen, och wann si bis elo éischter als Editrice geschafft huet. Fir si wier e méigleche Servais deen éischte Literaturpräis.

Carla Lucarelli, Salztage + Zurück. Gedichte, Éditions Phi.

RTL

D'Carla Lucarelli stoung scho méi dacks op Shortlëschten, allerdéngs huet et bis elo ni geklappt. (Shortlëscht Buchpräis 2020 fir "Enfance, instantanés", Shortlëscht Buchpräis 2022  a Shortlëscht Servais 2022, allebéid fir "Chantiers du désir ") Hire Gedichtband "Salztage + zurück" ass e ganz perséinlecht Wierk an dem sech Schéinheet an Trauregkeet géintiwwerstinn, gedroe vu staarke Wuertmolereien déi nach laang op de Lieser awierken, an déi an de Konschtwierker vun der Florence Hoffmann hir optesch Entspriechung fannen.

Ier de Gewënner oder d'Gewënnerin bekannt gemaach gëtt, kritt een och nach eng Kéier d'Geleeënheet, fir all Bicher vun der Shortlëscht kennen ze léieren. De 24. Abrëll organiséiert den CNL  "And the nominees are...
En Owend mat der Shortlëscht vum Prix Servais",op deen all Auteur(inn)en invitéiert sinn, fir aus hire Bicher ze liesen a mam Public doriwwer ze diskutéieren. Rendez-vous ass den Donneschdeg, 24. Abrëll um 19.30 Auer am Lëtzebuerger Literaturarchiv zu Miersch.  

Wien de Servais-Präis 2025 kritt? Dat weess bis elo just de Jury. De Jury vum Prix Servais 2025 gëtt vum Sébastian Thiltges presidéiert a besteet aus follgende Memberen: Fabienne Gilbertz, Ludivine Jehin, Henning Marmulla, Diane Neises, Jérôme Netgen, Shari Schenten, Aimée Schultz an Tamara Sondag.