Robert Eggers: Den erfrëschend neien Twist vum "Art-Horror"
De Robert Eggers ass spéitstens zënter senger Versioun vun "Nosferatu", e Film deen 2024 erauskomm ass, och engem gréissere Public wuel e Begrëff. Ma zënter Jore scho dréint den Eggers extrem erfrëschend an neiaarteg Horrorfilmer an ass, mat Leit wéi den Ari Aster, d'Jennifer Kent oder den David Robert Mitchell, wuel de bekannteste Representant vum sougenannten Art-Horror.
Ugefaangen huet dem Robert Eggers, gebuer 1983, seng Karriär an sech an der Welt vum Theater. Schonn am jonken Alter war hien zu Epping an den USA, net wäit vun New Hampshire ewech, am Kannertheater aktiv, huet do bei de Prouwen gehollef an och bei der Gestaltung vun de Bünebiller. Et ass dann och net verwonnerlech, dass hien vun 2001 un zu New York op de American Musical and Dramatic Academy studéiert huet a seng Karriär mol an der experimenteller Theaterwelt ugefaangen huet.
Séier huet hien awer de Sprong an d'Welt vum Kino gewot: Vun 2007 un huet den Eggers, dee selwer grousse Film-Fan ass, mat Kuerzfilmer experimentéiert a schonn 2015 säin éischte richtege Film erausbruecht, deen och direkt weise soll, aus wat fir engem Holz den US-Amerikaner geschnëtzt ass. Heibäi handelt et sech nämlech ëm "The Witch", e mysteriéisen Horror-Film, dee sech ganz staark mat englescher Folklor aus dem 17 Joerhonnert auserneesetzt. Iwweregens mat der deemools nach ganz jonker Anya Taylor-Joy, dat jo spéitstens no der Netflix-Produktioun "The Queen's Gambit" e weltwäite Film-Star ginn ass.

© PARTS AND LABOR / RT FEATURESCollection ChristopheL via AFP
Bei dësem Debut vum Robbert Eggers huet sech scho ganz kloer erauskristalliséiert, a wéi eng Richtung d'Rees a senge Filmer higeet. Se sinn düster, intensiv, ästhetesch, grujeleg a virun allem einfach anescht, eppes dat dem Horror einfach jorelaang virdru gefeelt huet. Den artisteschen Touch, dat mysteriéist, verbonne mat Elementer aus dem klassesche Film, déi an sech haut net méi benotzt ginn, maachen dem Eggers seng Filmer net nëmmen eng Serie vu Filmer déi an de sougenannten "Art-Horror" kéinte klassifizéiert ginn, ma se sinn och einfach eng ganz eegen, nei a frësch Erfarung fir Horror, ma generell och "Film" z'erliewen. Hie schockéiert gären a senger Filmer, keen Zweiwel... Een deen de Film "The Lighthouse" vun him, mat exzellente schauspilleresche Leeschtungen vum Willam Dafoe a Robert Pattinson, gesinn huet, dee weess vu wat rieds ass... Hei brauch een nëmmen eng "bestëmmten Zeen" mam Pattinson an enger Méiw z'ernimmen, fir ze verstoen, wat gemengt ass.
Ma et sinn awer virun allem déi artistesch Elementer déi iwwerweien, d'Aart wéi d'Mise en Scène an all Moment penibel genee ausgeduecht an am Film afléisse gelooss ginn ass a virun allem déi Momenter, an deenen een net versteet, wat genee lass ass, ma een trotzdeem zefridden ass.
Eppes ass sécher, och wann de Katalog vum Eggers senger Filmer nach kleng ass, erschénge se scho monumental grouss an et dierf een absolut gespaant sinn, wat de jonke Regisseur nach alles fir Iddien huet, déi en op de groussen Ecran brénge kann. "Werwulf", säin nächste Film a wéi den Numm et seet, en Horror-Film iwwer Werwëllef, soll iwwregens fir Dezember 2026 an d'Kinoe kommen.
Wéi gutt kenns du dech mam Robert Eggers a senge Filmer aus? Test däi Wëssen a probéier, all Fro richteg ze beäntwerten.