Et ginn nach Leit gesicht, déi Lëtzebuergesch schwätzen - virun allem am Norden

Viru Kuerzem hat d'Uni d'App "Schnëssen" virgestallt, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze dokumentéieren.
"Lekt, wou sidd Dir? Schnësst mat bei der gréisster Ëmfro zum Lëtzebuergesche vun haut!" Dat schreift de Prof. Dr. Peter Gilles op Twitter. Hie stécht hannert der neier App mam programmateschen Titel "schnëssen".
Déi App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren. An datt et wierklech ëm déi eenzel Nuancen, Varietéiten, Spezificitéite geet, dat beweist och schonn deen Text, deen d'App beschreift an zum Matmaachen animéiere soll:
Egal, ob Dir nik, nit oder net sot, ob Dir oft séier oder dacks schnell sot –, mir a mär siche Leit, Lékt a Lëtt, déi Freed drun hunn, geschwatent Lëtzebuergesch mat der App ze sammelen! Matmaache ka jidd(w)ereen, dee Lëtzebuergesch schwätzt – egal, ob jonk oder al, Mammesproochler oder net, ob vu Steebrécken, aus dem Pommerlach oder vun der Wuermer Köppchen. Mir wëllen dat ganzt Spektrum vum Lëtzebuergeschen héieren: Schwätzt an eis App eran – spontan a sou wéi gewinnt, egal aus wéi engem Eck vum Land Dir kommt. Mat Ärer Participatioun hëlleft Dir eis immens bei der Erfuerschung vun der Sprooch an hiren Dialekter.
An anere Wierder, wat méi Leit sech bedeelegen, wat d'Bild vun der Sproch méi komplett an domat natierlech och méi authentesch gëtt.
D'App ass gratis, et gëtt se am App-Store an och bei Google Play.

Vill Leit hu sech scho mat der App, der Sprooch, de Wierder befaasst, ma op Twitter huet de Prof. Dr. Peter Gilles elo nach eemol besonnesch d'Leit aus dem Norden opgefuerdert matzemaachen, fir d'Base de données aus deene Regioune méi breet ze maachen. Awer net just vun do: "Mir sichen nach vill weider Spriecherinnen a Spriecher, déi déi lëtzebuergesch Dialekter aus dem Norden, dem Westen an dem Osten schwätzen", betount de Peter Gilles.
Zanter der Publikatioun vun der App de 24. Abrëll hu sech schonn iwwer 1.200 Persounen ugemellt, iwwer 54.000 Opnamen erstallt an iwwer 600 Froebéi ausgefëllt. Ma wéi gesot: Fir de Projet gi weiderhi Participante gesicht.
Déi nei App war och op Radio Lëtzebuerg virgestallt ginn.
D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: en Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier oder nach eppes anescht? E Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder ...? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...
Iwwert d'App kann een och all Opnam direkt lauschteren an dobäi d'Villfalt vum haitege Lëtzebuergesch kenneléieren.
"D'Zil ass et, d'Sprooch vun all Generatioun aus all Uertschaft am Land fir de Grand public an d’Fuerschung ze dokumentéieren", esou d'Ekipp vun der Uni hannert der App, déi ënnert dem Prof. Dr. Peter Gilles vun der Luxemburgistik geschafft huet. Zum "Team Schnëssen" gehéieren och d'Nathalie Entringer, d'Judith Manzoni, d'Sara Martin an de Christoph Purschke.
Communiqué vun der Uni
App "Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung"
Lëtzebuergesch Sprooch mat Hëllef vun der Bevëlkerung kartographéieren an dokumentéieren
Lëtzebuerg, de 5. Juni 2018 – Fuerscher vun der Universitéit Lëtzebuerg hunn d'Smartphone-App "Schnëssen" entwéckelt, fir Daten iwwert de Gebrauch vun der lëtzebuergescher Sprooch ze sammelen. Zil vun der App, déi an zwee Méint schonn 1.900 Mol erofgeluede gouf, ass et, d'Sprooch wëssenschaftlech ze dokumentéieren a kartographéieren.
Méisproochegkeet, Sprooch(en), Dialekt, Sproochwandel. Dës Schlagwierder falen net nëmmen an der Wëssenschaft, mee begéinen engem och op ënnerschiddlechste Manéieren am Alldag. Souwuel an engem Gespréich ënnert Aarbechtskolleegen, an der Schoul oder am Kader vun enger politescher Debatt. Wéi genau gesäit d'Lëtzebuergesch vun haut eigentlech aus a virun allem, wéi héiert et sech un? Schwätzt een am Grand-Duché iwwerall datselwecht Lëtzebuergesch? Mat ënner anerem dëse Froe beschäftege sech aktuell d'Sproochwëssenschaftler vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft.
"Mat Hëllef vun der Smartphone-App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung wëlle mir op eng innovativ Aart d'Diversitéit vun der lëtzebuergescher Sprooch dokumentéieren.", sou de Prof. Peter Gilles, Professer fir Linguistik op der Universitéit. "Zil ass et, d'Sprooch vu jiddwer Generatioun aus all Uertschaft vum Land, ob Mammesproochler*in oder net, ze sammelen an der Fuerschung zur Verfügung ze stellen."
Den Numm vun der App Schnëssen ass an dësem Fall och Programm. D'Participanteën a d'Participantë schwätze kuerz Sätz direkt an den Handy eran, déi dann an enger Datebank gespäichert ginn. De Clou: Et kann een sech duerch eng Kaart klicken an d'Opname vun allen aner Participant*e ulauschteren. "Op dës Manéier kënnen d'Benotzer vun der App déi gesamt Bandbreet vum Lëtzebuergesche kenneléieren", erkläert de Peter Gilles.
De Benotzer kann awer net nëmme Geschwatenes ophuelen an ulauschteren, mee och un enger Ëmfro deelhuelen. Mat Hëllef vun dësem Instrument ginn Daten iwwert d'Perzeptioun an d'Siichtbarkeet vun de Sproochen am Alldag, awer och iwwert de Sproochgebrauch erhuewen.
Zwou wieder Besonneschheeten: Engersäits ginn an der App no an no Resultater a Form vu Sproochkarte publizéiert, fir se engem méiglechst breede Public zougänglech ze maachen. Anerersäits ginn ëmmer erëm nei Aufgaben an d'App integréiert, sou dass d'Bevëlkerung sech iwwert ee méi laangen Zäitraum um Sammele vun den Date bedeelege kann (soug. crowdsourcing), fir d'Lëtzebuergescht och laangfristeg dokumentéieren ze kënnen.
Mat Hëllef vun den erhuewenen Date plangen d'Wëssenschaftler Kaarten ze erstellen, déi d'Verdeelung vu regionale Variante weisen. An engem weidere Schrëtt ginn dës nei Kaarte mat deene méi eeleren am Lëtzebuerger Sproochatlas verglach. Doriwwer eraus sinn ënnert anerem zwee Promotiounsprojeten, déi sech mat der Variatioun vum Lëtzebuergesche resp. den Astellunge vun de Spriecher auserneesetzen, an de Projet Schnëssen involvéiert.
Säit der Publikatioun vun der App de 24. Abrëll hu sech schonn iwwer 1.200 Persounen ugemellt, iwwer 54.000 Opnamen erstallt an iwwer 600 Froebéi ausgefëllt. Fir de Projet ginn awer weiderhi Participante gesicht. "Mir sichen nach vill weider Spriecherinnen a Spriecher, déi déi lëtzebuergesch Dialekter aus dem Norden, dem Westen an dem Osten schwätzen", betount de Peter Gilles.
D'App ass gratis fir iOS an Android iwwer déi entspriechend App Stores disponibel.