Oder wéi nennt Dir dat ronnt Déngen, dat esou gutt schmaacht? Fir den Ofschloss vun eiser Summerserie "Schnëssen" hei nach e klengen, séissen Dessert.

Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch ... och per App. An enger Summerserie op RTL hu mir iwwert déi éischt Resultater aus hirer App "Schnëssen", esou heescht se nämlech, informéiert. Mat där App gëtt d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert. D'Resultater dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

12 Deeler hu mir Iech op Radio Lëtzebuerg an RTL.lu presentéiert gehat, hei elo als genësserlechen Ofschloss nach en Dessert - an zwar e Panech aka Paangech alias Crêpe!

AUDIO: Serie Schnëssen: Paangech


Zerwéiert vum Prof. Dr. Peter Gilles vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu.

RTL

Wat mer all esou gär iessen, ass sproochhistoresch aus dem muselfränkesche pan + kuch entstanen, an huet am Lëtzebuergesche vun haut eng Rei Varianten ervirbruecht, déi iwwerdeems och eng regional Verdeelung opweisen. Iwwert d'Schnëssen-App konnte mer 870 Beleeger sammelen. D'Kaart féiert am Ganzen aacht Formen op, déi méi oder manner heefeg gebraucht ginn. Mat ca. 40% ass Panech am meeschten ze héieren, duerno kënnt Paangech mat 38% a Pankech/Pankich mat 13%. Déi aner Forme si méi rar.

RTL

Déi geographesch Verdeelung weist eis, dass Panech (hellblo) a Paangech (blo) am ganze Guttland an am Süden dominéieren. Am Süden an op der Musel, awer och am Norden, seet een éischter Pankech/Pankich (gréng), eng Form, déi op Assimilatioun vu Pan a Kuch zeréckzeféieren ass. Am Norde kommen iwwerdeems och Variante mat kuerzem a wéi a Pangicht (rout) oder Pangich (hellorange) vir.

RTL

Besonnesch interessant ass erëm den Norden, wou sech mam Pangkouch, Plural Pangkéich (orange), déi eelst Form erhalen huet.

Domat ergëtt sech déi folgend historesch Ofleedung vun de Formen:

pan + kuch > Pangkouch > Pankich/Pankech > Pangich > Paangech > Panech

Dofir, dass Panech vum Paangech ofgeleet ginn ass, an domat déi am meeschten rezent Form ass, schwätzt och, dass déi éischt Form éischter vu jonke Leit an déi zweet éischter vu méi eelere Leit benotzt gëtt. Mir hätten et deemno rëm mat enger Innovatioun ze dinn (interessanterweis ass de Panech, obschonns déi heefegst Form, nach net an den LOD* opgeholl ginn).

* LOD = Lëtzebuerger Online Dictionnaire (www.lod.lu)

Maacht och Dir mat, dass Är Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Iwwer de Summer gouf de Froekatalog erweidert an natierlech kann een nach ëmmer matschnëssen. An denkt drun: Et gëtt kee richteg oder falsch, et gëtt just dokumentéiert, wat gesot, geschwat, geschnësst gëtt op Lëtzebuergesch ...

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gouf iwwer de Summer och erweidert.

D'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung gëtt et, wéi gesot, fir iOS an Android.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg

  1. Päiperlek (24. Juli)
  2. Kéiseker (26. Juli)
  3. Puppelchen (31. Juli)
  4. verzielen (2. August)
  5. Poubelle (7. August)
  6. virwëtzeg (9. August)
  7. Villercher (14. August)
  8. Eeër (16. August)
  9. kaf/kaaft (21. August)
  10. Kaffiskichelchen (23. August)
  11. bitzen (28. August)
  12. Ënn (30. August)

+ als Dessert elo nach d'Analys vu Panech/Paangech.

AUDIO: Serie Schnëssen: Paangech

Mir hoffen, dat Geschnëss huet Iech geschmaacht ...