De Freideg, 16. November organiséiert d'Uni Lëtzebuerg en éischte "Citizen Science"-Workshop fir d'Auswäertung vun de "Schnëssen"-Daten.

Dir hutt Iech schonn ëmmer gefrot, wat mir mat all Ären Opnamen aus der Schnëssen-App maachen a wéi déi flott Grafiken a Kaarten entstinn? Dir hutt Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch a wëllt selwer fir een Dag mat eis als Sproochfuerscher aktiv ginn?

Déi Froe stellt d'"Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Si hat eng App erausbruecht, fir domat d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Dofir heescht d'App dann och "Schnëssen - Är Sprooch fir d'Fuerschung".

D'App ass Deel vun engem Projet vum Institut, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

Well dat eng riseg Aarbecht ass, organiséiert d'Uni elo e "Citizen Science"-Workshop: De Freideg, 16. November vun 9 bis 17 Auer invitéiert si interesséiert Leit op d'Uni, fir bei der Auswäertung vun den Opnamen aus der Schnëssen-App ze hëllefen.

Wat brauch een?

- grondleeënd Computerkenntnisser (Excel)
- Google-Account
- Kopfhörer (mam 'klengen' (3,5mm) Stecker)
- gutt Oueren a Freed un der Fuerschung

Wat gëtt gemaach?

D'Zil vum Workshop ass et, zesummen nei Opnamen auszewäerten, entspriechend Grafiken a Kaarten ze erstellen an iwwer sproochlech Variatioun an d'Fuerschung vun der Uni iwwert d'Lëtzebuergescht ze schwätzen.

No engem Abléck an de Schnëssen-Projet an enger klenger (technescher) Uleedung zum Auswäerten, ginn déi Interesséiert selwer aktiv, lauschteren eng Hellewull Opnamen a léieren déi vill Facettë vun der Sprooch kennen.

A well konzentréiert Nolauschteren a Schaffen och emol midd an hongereg mécht, suergt d'Institut natierlech och fir e gemeinsamt Mëttegiessen an déi néideg Kaffispausen.

Wéi mellt ee sech un?

Umelle kann ee sech bis den 2. November via E-Mail op schnessen@uni.lu. Bis zu 20 Persoune kënne matmaachen.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: e Päiperlek, Pimpampel, Millermoler oder nach eppes aneres? En Igel oder e Kéiseker oder en Däreldéier? Et soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent vun de Leit d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gouf an der Lescht och schonn erweidert.

D'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung ass fir iOS an Android disponibel.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

D'Ekipp hanner dem Schnëssen-Projet vum Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg: Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke | Pol Breser

RTL