Um Donneschdeg huet d'"Luxemburgistik" rëm e puer fussballeresch Auswäertunge presentéiert, fir den F91 och vu sproochlecher Säit z'ënnerstëtzen.

An der 2. Ronn vun de Schnëssen-Erhiewungen an der App war de Saz "Die Fans der zwei Clubs sind aneinander geraten" z'iwwersetzen an d'Iwwersetzungen dovun huet d'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg en Donneschdeg - virum Hannergrond vum Europa-League-Match vum F91 am Stade Josy Barthel - erausgegraff, fir sech mat de Wierder "Club" a "Fan" ze befaassen.

Am Ganze goufen d'Iwwersetzunge vu méi wéi 600 Leit analyséiert.

Beim 1. Heemmatch vum F91 an der Europa League war ewell analyséiert ginn, ob d'Leit éischter Arbitter oder Schiidsri(i)chter soen.

De "Club": seng Iwwersetzungen a seng Méizuelen

D'Haaptwuert fir d'Iwwersetzung vum "Club" ass dann och Club. 50 Mol ass och Veräin gesot ginn, nach méi seelen ass hei Ekipp, Team oder Mannschaft.

Beim Club ass natierlech de Pluriel interessant, well mer do jo mat de Clibb an de Cluppen (seelen och Clubben) zwou konkurréierend Varianten hunn. Wéi bei den aneren Analysen, déi scho virgestallt goufen op RTL.lu oder op Infolux.uni.lu, ass d'Differenzéierung nom Alter dacks charakteristesch – an esou och hei: Vum Alter 25 bis 65+ hale sech d'Varianten Clibb (blo) a Cluppen (rout) ongeféier d'Wo. Déi jong Spriecher bis 24 Joer schénge Clibb allerdéngs ofzebauen a preferéieren éischter Cluppen.

RTL

En plus kann ee bei deene Jonken och den neie Pluriel op -s beobachten, sou dass lo och Clubs (giel) opdauchen. Et bleift z'ënnersichen, ob déi nei Formen direkt aus dem Englesche kommen oder den Ëmwee iwwert d'Däitscht gemaach hunn.

Wat d'Geschlechter ugeet, sou kann eng liicht Tendenz fir Clibb bei de Männer par rapport zu de Frae beobacht ginn.

De "Fan": seng Iwwersetzungen a seng Méizuelen

Dann zu den Iwwersetzunge vum "Fan". D'Haaptwuert ass am Lëtzebuergesche Fan (blo), donieft spillen awer och d'Supporteren eng Roll, déi bei den eelere Leit liicht méi heefeg virkomme wéi bei deene Jonken. Am Grupp "Aner" fanne sech Wierder wéi Spectateuren oder och Unhänger.

RTL

Beim Fan ass rëm de Pluriel interessant, well variabel. Et gesäit ee bei den eelere Leit (45+) nach méi Fannen (blo), wärend bei deene Jonken d'Fans dominéieren. De Pluriel op -s ass hei also scho vill méi geleefeg wéi bei Clubs. Bei de Fannen ass nach remarkabel, dass d'Aussprooch tëscht engem laangen [æː] an engem kuerzen [æ] variéiert.

RTL

Bleift ofzewaarden, wéi eng Clibb, Cluppen oder Clups mat hire Fans oder Fannen den Owend feiere dierfen ...

Dir wëllt matschnëssen?

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. D'App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet, also mat hiren Dialekter, ze erfaassen.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit oder eppes ze iwwersetzen. Esou soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e Richteg oder Falsch gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ... Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gouf iwwer de Summer och schonn erweidert.

D'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung gëtt et fir iOS an Android. Se ass gratis.

Facebook: https://facebook.com/schnessen
Twitter: https://twitter.com/schnessen
Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen
E-Mail: schnessen@uni.lu