"Ech hunn dech gär" oder "Ech si frou mat dir"

"Je t'aime" – genau dëse romanteschen Ausdrock haten d'Schnëssen-Participanten an der zweeter Ronn vun der App op Lëtzebuergesch ze iwwersetzen.
Extra fir Vältesdag goufen déi ca. 1020 Opnamen ugelauschtert an och wann dierft kloer sinn, wéi een Ausdrock een am dacksten ze héiere krut, esou goufen dach e puer Variante gesammelt.
De Kéisdiagramm weist ganz kloer d'Gesamtverdeelung vun de verschiddene Formulatiounen. D'Majoritéit vun de Leit, 87% fir genau ze sinn, hunn de franséische Saz mat ech hunn dech gär iwwersat; d'Variant ech si frou mat dir kënnt nach op 10%. Déi reschtlech Prozent verdeele sech zum Beispill op ech hunn dech léif an op Opnamen, an deenen zwou Variante genannt goufen.

Den Diagramm mat de Resultater no Altersgrupp weist dann och ganz schéin, wéi sech déi zwou heefegst Variante genau verdeelen: Bei der eelster Altersgrupp ass ech si frou mat dir mat gutt 42% nach ganz dacks vertrueden. D'Nennunge vun dëser Variant huelen awer da vun Altersgrupp zu Altersgrupp ëmmer méi of a maache virun allem an deenen zwou jéngste Gruppen nëmmen nach e ganz klenge Brochdeel aus. Hei huet sech zu 95% ech hunn dech gär duerchgesat. Seelen hu sech jonk Leit an der App dann och fir ech lieben dech entscheet; och ech léiwen dech oder ech hunn dech léif goufen allgemeng nëmme ganz vereenzelt genannt.

Gëtt et am Lëtzebuergesche kee richtegt Verb fir "lieben"?
Heiansdo héiert ee Leit pauschal lamentéieren, dass d'Lëtzebuergescht eng aarm Sprooch wier, well mir kee richtegt Verb wéi 'lieben', 'to love' oder 'aimer' hätten. Dat ass natierlech Kabes. ;-)
Wéi d'Resultater weisen, huet sech mat 'Ech hunn dech gär' eng eendäiteg Formule erausbilt, déi dat romantescht Konzept perfekt erëmgëtt.
Eng berechtegt Fro bleift, firwat mir keng Phras wéi 'ech léiwen dech' entwéckelt hunn. Am Däitschen ass d'Verb 'lieben' relativ spéit aus dem Adjektiv 'lieb' entwéckelt ginn an huet sech eréischt am 17./18. Joerhonnert ausgebreet. Eng Phras wéi 'ich liebe dich' ass domat eng relativ nei Entwécklung. An där Zäit hat sech am Lëtzebuergeschen awer schonn déi Variant mat 'gär hunn' etabléiert esou, dass keng Noutwennegkeet bestoung, en neit Verb wéi 'léiwen' ze bilden. Aus demselwechte Gronn gëtt et och an den däitschen Dialekter oder och dem Schwäizerdäitsche kee Verb 'lieben' (am leschteren heescht et 'Ich ha di gärn'). Och d'Hollänner/Flamänner hu mat hirem 'Ik hou van jou' eng Formule, déi ouni d''lieben'-Verb auskënnt.
Souwuel 'léif' wéi och 'gär' hu sproochhistoresch gekuckt iwwregens déi selwecht Bedeitungskomponent, nämlech 'op eppes begiereg sinn'. 'Ee gär hunn' ass also a senger Ausso genau sou staark wéi 'lieben' am Däitschen. Et gëtt also kee Grond unzehuelen, dass d'Schwäizer, Hollänner/Flamänner a Lëtzebuerger ee manner gär kënnen hu wéi déi Däitsch, d'Italiener oder Fransousen. :-)
De ganzen Artikel och op Infolux.uni.lu, dem Fuerschungsportal iwwer d'Lëtzebuergescht.
Iwwregens: Wie seng Libeserklärung nach net ofginn huet, kann dat lo rëm an der App maachen. Extra fir Vältesdag gouf déi Aufgab rëm fräigeschalt, esou datt jidderee seng Phras eraschwätze kann ...
Weider Artikelen iwwer d'Schnëssen-App, mat der Summerserie iwwer ausgewielte Wierder.
Dir wëllt matschnëssen?
"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. D'App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet, also mat hiren Dialekter, ze erfaassen.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit oder eppes ze iwwersetzen. Esou soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, e Richteg oder Falsch gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro nom "Auto(s)festival" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat s a wéi vill déi ouni s benotzen ... Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gouf iwwer de Summer och schonn erweidert.
D'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung gëtt et fir iOS an Android. Se ass gratis.
Facebook: https://facebook.com/schnessen
Twitter: https://twitter.com/schnessen
Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen
E-Mail: schnessen@uni.lu