Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

AUDIO: 09/08/2019 Serie Schnëssen (2)

Et gëtt net vill där Begrëffer, déi esou vill Varianten Opweises hu wéi d’Aperhoer. Mir hunn dës an der Schëssen-App mat engem Bild ofgefrot an – fir ganz sécher ze sinn – och e Feil bäigesat. 426 Participante*ën hunn eis hir Variant erageschwat an am Ganze fanne mer néng méi oder manner geleefeg Formen. Wéi een an der Kéisgrafik gesäit, ass Aperhoer mat 60 % (258 Opnamen) am heefegsten, an duerno kënnt eng ganz Rëtsch vu manner heefege Formen, vun deenen d’Apenhoer mat 15 % (64) och relativ dacks virkënnt. Am Ganzen hu mer hei eng ganz Panoplie vu Varianten, déi eis soen, dass d’Wuert nach laang net eendäiteg festgeluecht ass.

Fir den Zesummenhang tëscht de Formen ze verstoen, ass et ubruecht, d’Geschicht an den Opbau ze rekonstruéieren. Aperhoer ass zesummegesat aus ‘A’, ‘Bra’ an ‘Hoer’. Dobäi ass ‘Bra’ aus engem mëttelhéichdäitsche brawe entstanen (> dt. Braue), déi haut nach an Aebra oder Abra virkënnt. Dëst Wuert bezeechent also méi genau den Hoerbou u sech, wougéint Aperhoer éischter d’Hoer mengt, déi d’Bra bilden. An der Zesummesetzung mat A(e) huet sech Bra no an no an déi reduzéiert Silb per weiderentwéckelt an de Lien mat der Bra geet kontinuéierlech verluer. Interessant ass Apelhoer, wou et zu enger Verwiesslung vum r mam l komm ass. Eng ganz nei Form ass Apenhoer, déi weeder am alen Luxemburger Wörterbuch nach am neien LOD ze fannen ass. Si ass warscheinlech entstanen, wéi d’Leit net méi woussten, vu wou de -per kënnt an dës Silb ass an der Konsequenz dann un aner heefeg Wuertmuster upgasst ginn. Dass et sech ëm eng nei Variant handelt, gesäit een och an der Altersverdeelung: Déi eelst Spriecher*inne kennen déi Form nach guer net a wat ee méi jonk ass, wat se méi heefeg gëtt. Fir de Rescht ass et awer esou, dass Aperhoer iwwert d’Altersklassen ewech relativ stabel ass.

An der Iwwersiicht vun der Verdeelung nom Geschlecht erkennt een, dass Aperhoer liicht méi heefeg vu Frae wéi vu Männer gebraucht gëtt. Spannend ass och ze gesinn, dass d’Form Apelhoer praktesch nëmme vu Frae gebraucht gëtt.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm, ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: Kanéil, Zimt oder nach eppes aneres? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen op enger Stir? Donieft gëllt et, Sätz vum Däitschen a Franséischen an d’Lëtzebuergescht ze iwwersetzen a niewelaanscht gitt Dir dann ënnert anerem och nach gefrot, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass. Mat der App soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro no der "Wäi(n)fläsch" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat n a wéi vill déi ouni n benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Zënter dem Release vun der App am Abrëll 2018 sinn ëmmer erëm nei Sets u Biller a Sätz an d’App komm. Viru Kuerzem war et dann elo och esou wäit, datt d’App mat neie Sätz, Froen a Biller an hir 5. Ronn gestart ass. Maacht also weider alleguerte mat an ënnerstëtzt d’Fuerscher bei der Dokumentatioun an Erfuerschung vum Lëtzebuergeschen.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke | Pol Breser

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)

  1. Klunsch(el)t Dir nach oder schaukelt Dir schonn? (7. August)
  2. Vun Apelhoer an Operen: De faméisen Hoerbou iwwert den Aen (9. August)
  3. Wéi d’Fauscht op d’A(n) (12. August)
  4. Sot Dir dacks oft oder oft dacks? (14. August)
  5. Zahnpasta, Zännseef an de Brexit (20. August)
  6. Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt?– De Partizip Perfekt vun nätzen (23. August)
  7.  Hues de e Pabeiersnuesschnappech fir mech? (28. August)
  8.  Iwwert Rank, Rénk a Réng. (30. August)
  9.  Et ass eng Wëssenschaft fir sech: D’Méi(n)en (2. September)
  10.  Vu Busser a Bussen – D’Sprooch am Wandel (5. September)
  11.  Däerf ee säit iwwerhaapt soen? (6. September)