Lëtzebuergesch ass am Trend an am Wandel. D'Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Uni.lu dokumentéiert eis Sprooch per App.

An dëser Serie informéiere mir iwwert déi éischt Resultater aus der Schnëssen-App vun der Uni Lëtzebuerg, mat där d'Variatioun am Lëtzebuergesche vun haut erhuewen an analyséiert gëtt. Si dokumentéieren d'Diversitéit an de Räichtum vun enger Sprooch am konstante Wandel.

AUDIO: 12/08/2019 Schnëssen An

Ier mer eis mam Haaptprotagonist vun haut, dem A(n) beschäftegen, nach eng flott kleng Info zum Idiom “Wéi d’Fauscht op d’A(n) passen”. U sech bedeit dëst, datt zwou Saachen esou guer net beienee passen. Vu datt dëse Sproch allerdéngs dacks ironesch benotzt gouf, huet sech och d’Bedeitung “ganz gutt zesummepassen” etabléiert. Gitt also Uecht, wann Dir dësem Idiom begéint – hei kann et zu Konfusioune kommen.

Elo awer zum A(n), dem Substantiv, mat deem mer eis haut beschäftege wëllen. Heifir hu mer eis 898 Opnamen ugelauschtert, woubäi d’Grondlag e Bild war, op deem d’Participante*ën eeben en A(n) gesinn hunn, war. D’Auswäertung ergëtt folgend Bild: 50% (450 Opnamen) vun de Leit hunn An gesot a 37% A (334 Opnamen). Dann hu mer och nach méi regional Varianten wéi O(a) (6%), O(a)n (0,6%), Au (4%) an O (0,4%) fonnt. Desweideren koumen och Variante wéi Guckelchen resp. Duebelnennunge vir, déi mer ënner Aner regruppéiert hunn.

Wéi schonn ugeklongen ass, handelt et sech bei der Variatioun vun A(n) zumindest zu engem Deel ëm eng regional Variatioun. Aus dësem Grond lount sech dann och e Bléck op d’Kaart. Kloer ze erkënnen ass en Au-Gebitt am Norde vum Land, woubäi südëstlech vun dësem e klengt O-Gebitt kann ausgemaach ginn. Am Süde vum Land zeechent sech e Gebitt of, an deem nieft dem A an dem An och O(a) an O(a)n benotzt gëtt. A an An weisen eng méi groussraimech Verbreedung op, woubäi eng liicht Tendenz zu An nërdlech vun Dikrech ze erkennen ass. Zu engem groussen Deel ass déi regional Verdeelung vun de Varianten och esou am LWB festgehalen, woubäi als interessanten Aspekt ervirzehiewen ass, dass An am Wierderbuch als phonetesch Variant vun A mat der Bemierkung “sporadesch am Éislek am Singulier” (respektiv “spor. im Oesl. im Sg.”) opdaucht.

Wéi sech schonn erauskristaliséiert huet, spillt souwuel bei den Haaptvarianten A an An awer och bei klengraimege Varianten O(a) an O(a)n d’Presenz oder d’Feele vum n um Enn vum Wuert eng Roll. Aus dësem Grond lount et sech, dës Varianten zesummenzefaassen an sech d’Variatioun vun dësem Buschtaf méi am Detail unzekucken. Bei der allgemenger Verdeelung gëtt däitlech, datt et sech quasi ëm eng 50/50-Verdeelung handelt. D’An kënnt op 51,9 % (465) an d’A op 48% (430), woubäi 0,1 % (1) béides gesot hunn.

Besonnesch spannend gëtt et dann awer, wann ee sech d’Verdeelung no Alter ukuckt. Um Diagramm ass eng schéin Trap ze erkennen. Mam Alter vun de Leit ginn An-Nennungen zeréck an A-Nennungen huele kontinuéierlech zou. Dëst weisst deemno dorop hin, datt d’A ofhëlt an d’An am Sproochgebrauch ausgebaut gëtt  – e kloeren éischten Hiweis op Sproochwandel. Konsultéiert ee parallel d’Dictionnairen, da stellt ee fest, dass et a kengem vun den eelere lëtzebuergesche Wierderbicher en eegenen Artikel fir An gëtt. Dëst ännert eréischt mat eisem aktuellen Dictionnaire, dem Luxemburger Online Dictionnaire, deen d’An ëmmerhin als Variant vun A opgräift. A gëtt deemno däitlech als Haaptvariant traitéiert, wat och dofir sprécht, datt et sech dobäi ëm déi méi al Bezeechnung handelt. Sécherlech kéint een dës Andeelung A als Haaptvariant an An als Niewevariant iwwerdenken, ëmmerhinn schéngt d’Tendenz a Richtung An ze goen.

Iwwer d'Schnëssen-App: Schnësst mat!

"Schnëssen" ass déi éischt App, fir d'Lëtzebuerger Sprooch vun haut an all hire Facettë mat Toun-Opnamen ze erhiewen an ze dokumentéieren. Déi nei App ass Deel vun engem Projet vum "Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft" op der Universitéit Lëtzebuerg. Et geet drëm, d'Lëtzebuerger Sprooch an hirer ganzer Bandbreet ze dokumentéieren, also mat hiren Dialekter.

D'App ass ganz spilleresch opgebaut, esou geet et zum Beispill drëm, ze beschreiwen, wat een op engem Bild gesäit: Kanéil, Zimt oder nach eppes aneres? Falen, Rampel, Rompel oder Ronschelen op enger Stir? Donieft gëllt et, Sätz vum Däitschen a Franséischen an d’Lëtzebuergescht ze iwwersetzen a niewelaanscht gitt Dir dann ënnert anerem och nach gefrot, wat Äert Liiblingswuert am Lëtzebuergeschen ass. Mat der App soll gesammelt ginn, wat alles am Lëtzebuergesche virkënnt, "richteg" oder "falsch" gëtt et do net, et geet ëm d'Erhiewe vun Daten respektiv Donnéeën, net ëm d'Verbesseren oder d'Virschreiwen. Dat ass zum Beispill och bei der Fro no der "Wäi(n)fläsch" esou - wéi een et ausschwätzt, ass egal: D'Fuerscher wëlle just erausfannen, wéi vill Prozent d'Variant mat n a wéi vill déi ouni n benotzen ...

Déi eenzel Äntwerte ginn opgeholl an un d'Uni geschéckt. Dat mécht d'App vum selwen. De Set vu Biller a Froe gëtt och verännert.

Maacht och Dir mat, dass d'Sprooch an dëser ëmfaassender Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch vun haut vertrueden ass! Luet Iech d'App Schnëssen – Är Sprooch fir d'Fuerschung fir iOS oder Android erof a schnësst mat.

Zënter dem Release vun der App am Abrëll 2018 sinn ëmmer erëm nei Sets u Biller a Sätz an d’App komm. Viru Kuerzem war et dann elo och esou wäit, datt d’App mat neie Sätz, Froen a Biller an hir 5. Ronn gestart ass. Maacht also weider alleguerte mat an ënnerstëtzt d’Fuerscher bei der Dokumentatioun an Erfuerschung vum Lëtzebuergeschen.

Facebook: https://facebook.com/schnessen

Twitter: https://twitter.com/schnessen

Internet: https://infolux.uni.lu/schnessen

E-Mail: schnessen@uni.lu

Nathalie Entringer | Peter Gilles | Sara Martin | Christoph Purschke | Pol Breser

(c) Schnëssen-Projet, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg 2018

Reiefolleg vun der Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)

  1. Klunsch(el)t Dir nach oder schaukelt Dir schonn? (7. August)
  2. Vun Apelhoer an Operen: De faméisen Hoerbou iwwert den Aen (9. August)
  3. Wéi d’Fauscht op d’A(n) (12. August)
  4. Sot Dir dacks oft oder oft dacks? (14. August)
  5. Zahnpasta, Zännseef an de Brexit (20. August)
  6. Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt?– De Partizip Perfekt vun nätzen (23. August)
  7.  Hues de e Pabeiersnuesschnappech fir mech? (28. August)
  8.  Iwwert Rank, Rénk a Réng. (30. August)
  9.  Et ass eng Wëssenschaft fir sech: D’Méi(n)en (2. September)
  10.  Vu Busser a Bussen – D’Sprooch am Wandel (5. September)
  11.  Däerf ee säit iwwerhaapt soen? (6. September)