Opruff: Participante*ë fir eng Etüd gesicht

© RTL Grafik no Shutterstock
Fir hir Etüd sicht d'Nathalie Entringer vun der Uni.lu Lëtzebuergesch Mammesproochler*innen.
Mäin Numm ass Nathalie Entringer an ech siche fir eng Etüd, déi ech am Kader vu menger Dokteraarbecht op der Universitéit Lëtzebuerg schreiwen, nach Participante*ën.Ëm wat geet et?
A menger Aarbecht beschäftegen ech mech mat der Variatioun vum Lëtzebuergeschen an der Manéier, wéi verschidde d’Spriecher*innen d’Sprooch gebrauchen.
Wéi gesäit d’Etüd aus?
Bei der Etüd handelt et sech ëm e klengt Sproochexperiment. Keng Angscht, et gëtt kee Richteg a kee Falsch, ma ech interesséiere mech dofir, wéi Dir d’Sprooch gebraucht a wat fir eng sproochlech Preferenzen Dir hutt. Mir géifen eis insgesamt zwee Mol treffen, woubäi den Opwand jeeweils ca. 60 Minutten ass. Als Entschiedegung fir d’Matmaache kritt Dir zum Schluss natierlech e klenge Merci vu mir.
Wie ka matmaachen?
Matmaache ka jiddereen, deen interesséiert ass, mindestens 14 Joer huet a Lëtzebuergesch als (eng) Mammesprooch huet.
Wann Dir also interesséiert sidd respektiv Froen hutt, da mellt Iech einfach per Mail (nathalie.entringer@uni.lu) bei mir.
Reiefolleg vun der neier Schnëssen-Serie op RTL.lu an op Radio Lëtzebuerg (nomëttes)
- Klunsch(el)t Dir nach oder schaukelt Dir schonn? (7. August)
- Vun Apelhoer an Operen: De faméisen Hoerbou iwwert den Aen (9. August)
- Wéi d’Fauscht op d’A(n) (12. August)
- Sot Dir dacks oft oder oft dacks? (14. August)
- Zahnpasta, Zännseef an de Brexit (20. August)
- Huet den Noper an der Vakanz d’Blumme genat oder genätzt?– De Partizip Perfekt vun nätzen (23. August)
- Hues de e Pabeiersnuesschnappech fir mech? (28. August)
- Iwwert Rank, Rénk a Réng. (30. August)
- Et ass eng Wëssenschaft fir sech: D’Méi(n)en (2. September)
- Vu Busser a Bussen – D’Sprooch am Wandel (5. September)
- Däerf ee säit iwwerhaapt soen? (6. September)