
Nom Hausarrest zu Paräis hat d’Marie-Antoinette dem attraktiven Adelegen aus Schweden hir Léift gestanen... an hien der franséischer Kinnigin. A geheime Bréiwer hu béid Verléifte matenee kommunizéiert. Vill Passagë goufe wärend de Revolutiounsjore geschwäerzt an esou onlieserlech gemaach. Méiglecherweis war et esouguer de Fersen selwer bei e puer Schrëftstécker.
Elo ass et Experte gelongen, en Deel vun den zenséierten Noriichten z’entzifferen. Fir d’éischte Kéier an der Geschicht ass et méiglech, Passagë vum Marie-Antoinette ze liesen, an deene si oppen iwwert hir Gefiller geschriwwen huet, ouni zweedeiteg Formuléierungen ze benotzen, erkläert d’Nationalarchiv zu Paräis.
Genau ënnert d’Lupp geholl goufe 25 Libesbréiwer vun der leschter franséischer Kinnigin an 29 Schreiwesse vun hirem Liibhaber, déi beweisen, wéi intensiv d’Affär tëscht hinne war. “Ech liewen an existéieren nëmmen, fir Iech gär ze hunn”, huet de Fersen hir geschriwwen.
Mat Hëllef vun enger neiaarteger Röntgen-Method goufen déi geschwäerzte Sätz entziffert. Nieft leidenschaftleche Gefiller goung et an hire Matdeelungen och ëm Hoffnung, Suergen an Zouversiicht wärend de Revolutiounsjoren.
Laang ugehalen huet déi heemlech Bezéiung tëscht dem Marie-Antoinette an dem Hans Axel von Fersen net. Am Joer 1793 gouf déi gebierteg Éisträicherin higeriicht, e puer Méint no hirem Mann, dem Louis XVI. Si gouf ënnert anerem fir hire verschwenderesche Liewensstil kritiséiert. Dobäi goufen hir awer vill Äusserunge fälschlecherweis zougeschriwwen, soen Historiker. Dat berüümtste Beispill ass d’Bemierkung: “Wa si kee Brout hunn, solle se Kuch iessen” iwwert dat franséischt Vollek, dat Honger gelidden huet.