
D’Angela Merkel an d’Kinnigin Máxima kenne sech scho méi laang, trëfft ee sech zoufälleg op der Strooss, do ass et kloer, dass een e bësse matenee potert. Ma wéi béid Frae sech elo rezent zu New York begéint sinn, war d’Kanzlerin fir e kuerze Moment mat hirem “Englesch” um Enn.
Déi hollännesch Kinnigin erzielt, si hätt “mat Frankräich” iwwer d’Fraebeweegung geschwat. Dat englescht “with France” huet dunn awer fir e bëssen Duerchanee gesuergt. “Mat wiem” koum nämlech just vun der Bundeskanzlerin als Äntwert an d’Kinnigin Máxima widderhëlt: “with France”. Ma d’Angela Merkel versteet nawell net, freet nach emol no: “Which Franz”.
Eréischt duerno bemierkt si hire Mëssel: “Ach so!”, rifft si op Däitsch. “With France, not Franz!”
D’Angela Merkel bleift cool. D’Leit laachen a si laacht mat.
De Video vun dësem zoufällege Treffen gouf d’lescht Woch scho verëffentlecht a gëtt elo massiv gedeelt. Munch Twitter-User setzt souguer nach een drop...