Se si kleng, rosa a kärgesond: Dem Huan Huan seng Kleng, déi an der Nuecht op e Méindeg d'Liicht vun der Welt erbléckst hunn.

Dëst ass déi 2. Panda-Gebuert bannent 4 Joer am franséischen Déierepark. Ganzer 149 Gramm huet ee vun de Panda-Bëbeeën op d'Wo bruecht. Den Zoodirekter Rodolphe Delord huet houfreg matgedeelt, dass d'Zwillinge wonnerschéin a gesond wieren.

Wéi den Nowuess vum Huan Huan heesche soll, steet allerdéngs nach net fest. Hei musse sech d'Panda-Fans nach gutt 100 Deeg gedëllegen. D'Fra vum chineesesche Staatschef Xi Jinping wäert nämlech d'Nimm eraussichen, huet den Zoo annoncéiert.

An der fräier Natur kréie Pandaen an der Reegel all 2 Joer Klenger. An den Zooe geschitt dëst allerdéngs net esou heefeg, well d'Zäitfënster immens kuerz ass, fir d'Weibchen ze befruchten. Dëst ass nämlech nëmme wärend 48 Stonne méiglech. Ausserdeem verléieren déi männlech Déieren dacks den Interessi un der Fortplanzung am Zoo, well d'Auswiel u Partnerinnen net ganz grouss ass. Fir esou wéineg wéi méiglech dem Zoufall z'iwwerloossen, gouf d'Huan Huan och kënschtlech befrucht.

Hir 1. Gebuert hat d'Huan Huan am August 2017, nodeems si kënschtlech befrucht gouf. Eng Sensatioun am franséischen Zoo, déi vill Visiteuren ugezunn huet. Och d'Fra vum franséische President, d'Brigitte Macron, ass deemools extra ugereest, fir den Nowuess a Realitéit ze gesinn.