En Donneschdeg de Moie kruten d'Pompjeeën zu Tréier e Schwan op de Gleiser vun der Zuchstreck Tréier-Pfalzel gemellt.

D'Police vun Tréier huet d'Déier vun de Gleiser geholl an an d'Déiereklinik bruecht. D'Veterinäre konnten nëmme minimal Blessuren erkennen, sou datt eng weider Fleeg net noutwendeg war.

Doropshin hunn d'Polizisten de Schwan an der Géigend vun Tréier-Ruwer zeréck an d'Musel gesat.