Haaptgrond fir d'Stee vun zwielef Léiwen war de Plazmanktem am Lahore Safari Zoo. Lo sollen awer 2 nei Parke gebaut ginn, woumat de Problem geléist gëtt.

D'Déiereschutzorganisatioun WWF hat d'Stee u Privatleit, déi en Donneschdeg sollt sinn, staark kritiséiert an den Zoo opgefuerdert, d'Déieren amplaz an aner staatlech Infrastrukture fir wëll Déieren ënnerzebréngen.

De Lahore Safari Zoo a Pakistan gëllt mat 200 Hektar Terrain als ee vun de beschte am Land, och wann Zooen a Pakistan allgemeng dofir bekannt sinn, den Déiereschutz ze vernoléissegen. Am Moment liewen 29 Léiwen, sechs Tigeren an zwee Jaguaren am pakistaneschen Zoo.

Den Direkter vum Zoo huet awer dementéiert, datt de Widderstand vun den Déiereschützer zu der Ofso vun der Stee gefouert hätt. "Sollten d'Léiwe sech weider reproduzéieren an d'Plaz erëm knapp ginn, kënne mir einfach eng nei Stee organiséieren", zitéiert d'Noriichtenagence AFP den Direkter.