Orang-Utan-Bëbee am Rostocker Zoo op d'Welt komm

© Image Zoo Rostock / Facebook
Am Rostocker Zoo gouf et Nowuess. De 14. Mäerz koum e klengt Orang-Utan-Meedchen op d'Welt.
Géint 19 Auer hunn d'Fleeger bemierkt, dass dat 11 Joer aalt Orang-Utan-Weibche Cantik, dat virun engem Joer eréischt aus Tschechien an de Rostocker Zoo koum, Nowuess krut. Dat huet den Zoo offiziell e Mëttwoch matgedeelt.
Scho vum éischten Dag u konnten d'Visiteuren d'Mamm an dat Neigebuerent bewonneren. Dat Klengt koum nämlech op der Anlag op d'Welt.
Et ass antëscht schonn de siwenten Orang-Utan-Bëbee, deen zanter der Ouverture vum Darwineum - der Heemecht vun de Mënschenafen am Rostocker Zoo - am Joer 2012 d'Liicht vun der Welt do erbléckst huet.