De "Mini Känguru" ass zeréck an der Wildnis vu Südaustralien

© WWF AUSTRALIA/AFP/Quentin Jones
Duerch d'Europäer, déi virun iwwer 200 Joer Fiiss a Kazen mat an Australien bruecht hunn, gouf de klenge Känguru quasi ausgerott.
De Bürstenschwanz-Rattenkänguru, wéi dat klengt Déier op Däitsch heescht, respektiv Woylie an der englescher Kuerzfaassung oder Bettongia penicillata an der zoologescher Bezeechnung ass vum Ausstierwe menacéiert. An de leschten 100 Joer war dat Déier, wat bal ausgesäit wéi e Känguru an d'Gréisst vun engem Hues huet, a senger u sech natierlecher Heemecht am Süde vun Australien net méi ze fannen. Ronn 60 Prozent vum australeschen Terrain war an der Zäit d'Heemecht vun dësem klenge Sprénger, bis e vu Kazen a Fiiss, déi d'Europäer matbruecht hunn, verdrängt gouf.
An de leschten zwee Joer awer goufen 120 vun dësen Déieren am York Peninsula vu Wëssenschaftler ausgesat. Hei soll sech d'Populatioun ouni Amëschung vu Friessfeinde kënnen entwéckelen. Éischten Aschätzungen no hunn d'Wolyien sech gutt agelieft. Rezent hunn d'Wëssenschaftler 85 Déiere gefaangen, fir se ze testen, éier se nees fräigelooss ginn. 40 Prozent dovunner waren am Peninsula gebueren Déieren. Weider waren 42 vu 45 gefaange weiblech Wolyien schwanger.
"Et ass fantastesch, esouvill nei Déieren an der Populatioun ze gesinn", seet den Derek Sandow, zoustännegen Ekologist. Virun der Kolonisatioun vun Australien duerch d'Europäer hunn um Kontinent iwwer zéng Millioune Bettongia penicillata gelieft. Elo ginn et der nach 12.000 bis 18.000, dat awer haaptsächlech op Inselen an a geschützte Reservater.
Datt si elo nei ausgesat kënne ginn, ass awer just duerch de Programm méiglech, mat deem d'Populatioun vu Kazen a Fiiss kontrolléiert gëtt, ouni dës importéiert Déieren awer komplett aus dem Süde vun Australien ze verdreiwen.

© WWF AUSTRALIA/AFP/Quentin Jones
De Woylie transportéiert ganz änlech wéi de Känguru seng Kleng an engem Beidel. Dobäi si se awer net vill méi grouss wéi en Hues a weie ronn annerhallwe Kilo. Si si fir den australeschen Ekosystem enorm wichteg, well Déieren a klengen Näschter an der Vegetatioun um Buedem liewen a vill Lächer buddelen. Duerch d'Buddelen, ee Woylie beweegt iwwert eng Tonn Buedem am Joer, hëllefe se de Planzen, fir méi einfach u Waasser ze kommen an ze wuessen. Zanter de klenge Känguru vum Kontinent vun de Kazen a Fiiss verdriwwe gouf, konnt keen anert Déier seng Roll iwwerhuelen.
Mat knapp annerhallwem Kilo huet de Woylie Schwieregkeeten, sech ze verdeedegen. D'Déier setzt bei Gefor éischter op d'Flucht an ass, fir seng Gréisst, och zimmlech séier. Weibercher ginn esouguer nach méi wäit a geheien hir Kleng aus dem Beidel, fir selwer fortzekommen. "Dat kléngt no enger schrecklecher Method, mä et ass dacks e Succès", seet de Sandow weider. Dacks hu Weibercher schonn nei Embryoe prett, wann déi Kleng hire Beidel verloossen oder stierwen. Dono dauert et just e puer Wochen, bis den neie Klengen am Zoustand ass, wéi dee virdru war.
D'Fuerscher ginn dovunner aus, datt d'Populatioun vun de Bürstenschwanz-Rattenkänguru an och vun anere klengen australesche Bewunner opbléie kann, esoulaang een d'Populatioun vun de Kazen a Fiiss ënner Kontroll huet, och ouni déi invasiv Déiere komplett ze verdreiwen. "Mir hoffe wierklech, datt de Bettongia penicillata just déi éischt vu ville Spezien ass, déi mir an d'Wildnis zeréckbrénge kënnen," seet den Ekologist.