Schonn vun 20 Grad u besteet dee Risiko, eng oppe Fënster bréngt dobäi net genuch frësch Loft eran! Leider kënnt et ëmmer nees vir, datt Hënn dann duerch en Hëtzschlag stierwen, eleng an deene leschte Woche goufen et nees esou tragesch Fäll an Däitschland an an der Schwäiz. Datt en Auto zu engem reegelrechte Bakuewe gëtt an en Hond, oder och e klengt Kand, dann a Liewensgefor gerode kann, dat hu mer mat der Associatioun sichhenn.lu fir Iech getest. Si notze speziell Netzer, fir datt hir Asazween net sou séier waarm ginn.
Et sief rappelléiert, datt et verbueden ass, en Hond an engem Gefier zréckzeloosse wann ënnert anerem duerch Wiederkonditiounen ëm e Leed kéint passéieren. Net nëmmen de Besëtzer mécht sech strofbar, och deen, deen net hëlleft an ewech kuckt. (Art. 12 Déiereschutzgesetz) Béid riskéieren eng Geld oder souguer eng Prisongsstrof.
Wann een esou eppes gesäit an de Proprietär vum Auto net ze fannen ass, soll ee ganz séier den 112 oder den 113 ruffen. Aner Leit ronderëm op d’Situatioun opmierksam maachen (wann der do sinn), kann och sënnvoll sinn, jee no deem wéi d’Saach ausgeet an een eventuell nach Zeienaussoe bräicht.
Donieft erkläert d’Veterinärin Véronique Jaeger am Reportage firwat et fir d’Gesondheet vum Mupp esou séier geféierlech gëtt an erënnert och drun, bei héijen Temperaturen d’Spadséieren éischter op déi méi kill Amenter vum Dag ze verleeën, oder do wou Schied ass, respektiv just e klengen Tour ze trëppelen. D’Hëtzt kënnt am Summer net just vun uewen, ma och vum Buedem, well och de Makadamm gëtt da gliddeg waarm.