
Ganz séier gouf eng Petitioun vum WWF opgesat a bannent nëmme siwen Deeg hunn iwwer 45.000 Mënschen ënnerschriwwen - 50.000 gëllt et, z’erreechen. Gefrot gëtt, dass d’Landesregierung zu München d’Decisioun, datt d’Fëschotteren dierfen ofgeschoss ginn, direkt zeréckrifft.
U sech gehéiert de Fëschotter an Däitschland zu de streng geschützten Déierenaarten. Wéi de WWF Däitschland mellt, ass en a groussen Deeler vum Land ausgestuerwen.
Fëschziichter a Bayern bekloe sech allerdéngs zanter laangem, dass d’Déier grousse Schued hannerléisst. Zanter 2016 hätt sech dëse souguer verzéngfacht an e puer honnert Ziichtereien hätten an de leschten zwee Joer missen zoumaachen, sou d’Argumentatioun vum Ministère. Dowéinst koum huet de bayresche Landwirtschaftsministère am Juli de Wee fräi gemaach, fir eng liicht “Reduzéierung” vum geschützte Fëschotter.
De WWF fuerdert de bayresche Ministerpresident Markus Söder (CSU) an hirer Petitioun perséinlech op, datt d’Ofschoss-Geneemegung zeréckgezu gëtt. Datt et de Fëschotter elo nees sou vill a Bayern gëtt, wier d’Resultat vu joerzéngtelaange Beméiunge vun Naturschützer.
Amplaz ofzeschéissen, wier Opklärungsaarbecht a besser Schutzmesuren déi besser Léisung bei dësem Mënsch-Déier-Konflikt. En uerdentlechen Zonk oder aner Preventiounsmoossname souwéi eng adequat Berodung wiere laangfristeg däitlech méi effektiv, sou datt de Fëschotter an d’Fëschziichtereie gutt laanschtenee kommen, ouni dass eng geschützten Déierenaart direkt nees ze gefäerden.