Um BouferterhaffÉischt Kutschenturneier mat internationale Fuerer

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass dat éischt internationaalt Kutschenturnéier um Bouferterhaff zu Bartreng.

De Jacques Lemmer vun de Cavaliers Réunis Luxembourgeois ass ee vun den Organisateuren. Reider vu 7 Nationalitéite ginn un den Depart.
“E Samschdeg an e Sonndeg hu mer jeeweils knapp 25 Réiderinnen a Réider um Départ. Moies ass ëmmer Dressurreiden. Mëttes da preparéiere mer Hindernisparcouren, hei geet et nieft der Geschécklechkeet och ëm Vitesse.”

De Programm

D’Dressurreiden ass samschdes a sonndes tëscht 9 an 13 Auer, den Hindernisparcours tëscht 15 an 18 Auer.

E Samschdegowend ass ausserdeem eng Speed-Driving Show wou 2 Kutsche parallel mussen e Parcours absolvéieren.

Back to Top
CIM LOGO