Detailer zum DoudSammy an ee weidere Wallaby u bakterieller Infektioun gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg koum déi traureg Confirmatioun, dass de viru Wochen ausgebéchste Sammy a sengem Doheem gestuerwen ass. Detailer goufen et bis elo keng.

No enger wochelaanger Sich war de Sammy den 19. Juni nees doheem, knapp zwou Woche méi spéit ass d’Déier dout. Op Nofro bei der Veterinärsinspektioun huet een op e Schreiwes verwisen, dat e Mëttwoch géif verëffentlecht ginn.

Wéi de Landwirtschaftsministère e Mëttwoch du matdeelt, ass de Wallaby-Känguru de 25. Juni un enger schwéierer bakterieller Infektioun gestuerwen. D’Infektioun war vun engem private Veterinärslabo festgestallt ginn, nodeems de Känguru agefaange gi war. D’Infektioun wier ausserdeem wärend senger Flucht och bei zwee weidere Wallabyen, déi der Besëtzerin vum Sammy gehéieren, constatéiert ginn. Een dovun, e Klengen, huet d’Krankheet och net iwwerlieft, d’Mamm konnt traitéiert ginn.

Fir déi 3 aner Känguruen, déi bei der Fra liewen, huet si dann elo och eng offiziell Erlabnis kritt, fir dës privat bei sech ze halen.

Veterinärsinspektioun confirméiert: Wallaby-Känguru Sammy ass dout
Link: Dat ganzt Schreiwes vum Landwirtschaftsministère iwwer d’Detailer vum Doud vum Sammy.

Back to Top
CIM LOGO