
An der Lescht hätt et direkt e puer Iwwergrëffer vun op d’mannst engem Wollef op Kanner an Hënn ginn, heescht et vun den Autoritéiten.
Ee Kand gouf wärend engem Schoul-Ausfluch gebass. D’DNA-Analysen hunn erginn, dass et effektiv e Wollef war.
D’Leit sinn dozou opgeruff, d’Géigend ëm Utrecht wa méiglech ze evitéieren. “Et gëtt dréngend dovunner ofgeroden, dës Bëscher mat klenge Kanner ze besichen”, esou d’Autoritéiten.