D'Nofro fir Bluttkonserven an der Veterinärmedezin klëmmt, awer et stinn nach net genuch Spenderen zur Verfügung.

Wann een u Bluttspenden denkt, kënnt dacks als éischt de Mënsch an de Kapp. Awer och dem Mënsch säi beschte Frënd ka krank ginn oder en Accident hunn a Blutt brauchen. Fir dës Fäll ass et méiglech, mat sengem Hond Blutt ze spenden an domat aneren Hënn am Noutfall d’Liewen ze retten.

An der Déiereklinik um Krakelshaff gëtt dëse wichtegen Déngscht ugebueden. Fir ëmmer méi Déierebesëtzer ass et entscheedend, datt hiren Hond am Noutfall eng Blutttransfusioun ka kréien. Dës Spende kënnen Déieren d'Liewe retten, awer net all Hond ass fir eng Spend gëeegent. Et gi bestëmmte Konditioune wéi Alter, Gewiicht a Gesondheet, déi erfëllt musse ginn.

Bei den Hënn ginn et just zwou Bluttgruppen, DEA 1.1 positiv an DEA 1.1 negativ – DEA steet fir Dog Erythrocyte Antigen. Och wann d'Bluttgruppesystem vun den Hënn méi einfach ass wéi dat vun de Mënschen, gëtt d’Wichtegkeet vu Bluttspende fir Déieren nach oft ënnerschätzt.

Fir d’Bluttspender gëtt et och eng kleng Belounung: Wärend Mënschen nom Bluttspenden e Bréitchen an en Orangëjus kréien, kritt de Mupp als Belounung eng Tut Dréchefudder.

D’Méiglechkeet, sengem eegenen Hond oder engem aneren d'Liewe ze retten, ass fir déi meescht Dog Lover eng selbstverständlech Saach.

RTL