Mann mat ronn 100 Déieren am Gepäck festgeholl

© AFP
Ënner anerem Eidechsen, Kolibrien a Beideldéieren hat re Mann aus Thailand mat an Indien bruecht. Een Deel vun den Déieren huet d'Rees net iwwerlieft.
Wéi déi indesch Autoritéiten e Méindeg den Owend matgedeelt hunn, gouf um Flughafen zu Mumbai ee Passagéier aus Thailand festgeholl. Bei senger Urees hat de Mann, deen der Douane wéinst engem nervöse Behuelen opgefall war, ronn Honnert Déiere bei sech, déi vum Gesetz geschützt sinn. Dorënner virun allem Eidechsen, Kolibrien a Beideldéieren, och Tarantalen a Schildkröte waren am Gepäck dobäi.
E puer vun den Déieren haten d'Rees net iwwerlieft. De Mann gouf no der ongewéinlecher Decouverte festgeholl. Schonn Ufank Juni gouf um selwechte Flughafen ee Passagéier gestoppt, deen eng 40 gëfteg Schlaangen a Schildkröte bei sech hat.