Stall zu Stadtkyll (D) a Brand, Schof konnte gerett ginn

© Polizeiinspektion Prüm
E puer Schof just iwwert der Lëtzebuergescher Grenz zu Stadtkyll haten en Dënschdeg am Nomëtteg Gléck am Ongléck.
Géint 15 Auer gouf d'Polizeiinspektion Prüm iwwer d'Feier an engem Stall informéiert an och d'Pompjeeë ware schonn ënnerwee.
Kuerz nodeems d'Meldung erakoum, war de Stall e bëssen ausserhalb vun der Uertschaft allerdéngs scho komplett a Brand, dat och wéinst de villen Heebotten, déi Feier gefaangen haten.
De Stall war d'Doheem vun e puer Schof, déi glécklecherweis vum Besëtzer sou just nach rechtzäiteg konnten evakuéiert ginn. Eng ganz Rei Pompjeeën, ënnert anerem vu Gerolstein a Prüm, waren am Asaz, ma wéinst der Lag vum Stall waren d'Läschaarbechten net esou einfach ze bewältegen.
Et war net genuch Läschwaasser op der Plaz, ma landwirtschaftlech Betriber aus dem Ëmfeld sinn de Pompjeeën zu Hëllef komm. Nieft techneschem Gerät hätte si och bei der Waasserversuergung gehollef, heescht et am Bulletin vun der lokaler Police.
Zu der Ursaach vum Feier gëtt den Ament nach ermëttelt. Zeie sinn iwwerdeems gebieden, sech mat der Polizeiinspektion Prüm a Verbindung ze setzen.