Live! Planet PeopleRobert Steinmetz, Deborah Ceccacci an Anouk Siebenaler

RTL Lëtzebuerg
Een Invité verschafft an engem Buch säi Liewen, déi zwee Aner hu sech ouni Plang duerch eng onbekannte Géigend gekämpft.
VIDEO: Live! Planet People
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

De Robert E. Steinmetz war Police-Kommissär zu Déifferdeng. Seng traureg Kandheet a säi Liewen huet en elo am Buch " ... und doch lebe ich” verschafft a sou Fridde mat sech selwer gemaach.

D’Deborah Ceccacci ass déi frëschgebak Gewënnerin vun der Serie “Augesat”. D’Deborah kann net just ouni Feeler duerch de Magazin op der Tëlee féieren, mä huet an dësem Duell hir taff Säite gewisen.

D’Anouk Siebenaler ass sech fir keen Challenge ze schued. Een Owend am Service op der Fouer oder bei “Elo oder Ni” sinn nach ni e Problem gewiescht. Elo huet et awer seng Meeschtesch fonnt.

Back to Top
CIM LOGO