Bayern's Got Talent!Alphonso Davies mécht een op Backstreet Boys

RTL Lëtzebuerg
Datt den Alphonso Davies net just en talentéierte Sportler, mä och Sänger a Performer ass, huet hien an engem Sketch gewisen.
© Twitter / Ultimatebayern

“Wann een den Alphonso spille gesäit, ass et erstaunlech, mat wéi enger Souveränitéit hien optrëtt”, esou den Salihamidzic, deen de Kanadier entdeckt huet. Dass hie mat där selwechter Souveränitéit e Lidd vun de Backstreet Boys séngt, domat hätte wuel déi mannste Leit gerechent.

Besonnesch u senger Inzeenéierung ass virun allem, dass de Futtballstar de Gesangspart vun alle Band-Memberen a sengem Video iwwerhëlt. Eng eenzegaarteg Parodie vum Trash-Pop-Klassiker “I want it that way”, déi sécherlech vill Leit zum Laache bruecht huet.

Back to Top
CIM LOGO