Oflenkung och an Zäite vu Social Distancing - dat wëll de Proprietär vun engem sougenannte "Freudenhaus" senge Clienten ubidden.

An de soss sou beliefte Puffen an Däitschland geet et den Ament aussergewéinlech roueg zou sech: Clienten dierfen nämlech net empfaange ginn. Och wann d'Restauranten an d'Caféen nees duerften opgoen, bleiwen an dësem Secteur d'Diere weider zou.

Ganz onproduktiv wollt de Peter Baumgartner, Bedreiwer vun engem Puff zu Landshut, awer net bleiwen. Wat Kinoen oder Theatere maachen, kann hien och an huet kuerzerhand entscheet, en eegent Konzept op d'Been ze stellen. Dëse Weekend organiséiert hien den éischte "Strip-Drive-through" am Haff vu sengem Etablissement, esou schreift et d'Süddeutsche Zeitung.

E Samschdeg an e Sonndeg hunn d'Automobilisten d'Geleeënheet, lues duerch en Zelt ze fueren, an dobäi professionellen Dänzerinnen nozekucken. Op béide Säite wäerte professionell Go-go-Girls op Podester danzen, en Erotik-Spektakel ganz am Zeeche vun #HaaltOfstand. Och d'Micaela Schäfer gouf fir dës Veranstaltung gebucht. D'Erotikmodel wäert ënnert anerem seng Fäegkeeten als DJ ënner Beweis stellen.

15 bis 20 Minutte wäert dee ganze Spaass daueren. Drun deelhuelen dierfe just Motocyclisten oder Autofuerer an engem Kabrio, de Mondschutz ass obligatoresch. E lackelegen Drive-in, deen awer just fir Erwuessener geduecht ass. Den Zoutrëtt fir Jugendlecher ënner 18 Joer ass ënnersot. Ob sech dëst Konzept och an aneren däitschen oder europäesche Stied duerchsetze kann, wäert sech weisen. An Amerika schéngt de "Strip-Drive-through" den neisten Trend ze sinn.