Déck Leit net wëllkomm an Nordsee-Hotel

© pixabay
E Bericht iwwert eng angeeblech Diskriminéierung vun ze schwéiere Gäscht huet e reegelrechte Shitstorm an de sozialen Netzwierker ausgeléist.
Wat op den éischte Bléck wéi e schlechte Witz kléngt, ass awer pueren Eescht vun enger Hotelsbesëtzerin zu Sahlenburg, Cuxhaven: schwéier Leit hunn nämlech näischt an hirem Haus verluer.
Rieds geet iwwert en Designer-Hotel un der Nordsee. Scho bei der Reservéierung ginn d'Gäscht direkt drop higewisen, dass een net wëllkomm ass, wann ee méi wéi 130 Kilo op d'Wo bréngt: "Aus Haftungsgründen weisen wir darauf hin, dass das Interieur für Menschen mit einem Körpergewicht von mehr als 130 kg nicht geeignet ist."
E Konzept, dat an de sozialen Netzwierker hefteg diskutéiert gëtt. Dem Angelika Hargesheimer gëtt vu ville Säiten Diskriminéierung virgeworf. Ganz novollzéie kann d'Hotelsbesëtzin dat net. Dem Regionalmagazin "Buten und Binnen" huet si géintiwwer gesot: "Sie haben ja unten die Designerstühle gesehen, das sind richtige Klassiker. Wenn sich da eine Person von über 130 Kilogramm draufsetzt, die sitzt da mit einer Pobacke drauf und der Stuhl hält das auch nicht lange aus." Ausserdeem huet si erkläert, dass si wéilt schéi Miwwelstécker an hirem Hotel hunn a keng aus Eechenholz.
Weider huet si an engem Gespréich mat "Buten und Binnen" erkläert, dass si kee wéilt diskriminéieren. Et géing hir um Häerze leien, dass hir Gäscht den Openthalt géinge genéissen. Si géing den Ubléck vun ze schwéiere Leit diskriminéierend fannen: "Also ich finde es persönlich diskriminierend, dass ich so einen Anblick ertragen muss – ehrlich gesagt."
Futtist Hotelsbett huet zu Mesure gefouert
Ugefaangen huet dat Ganzt mat engem Hotelsbett, an deem en iwwergewiichtege Gaascht geschlof huet. Dëse soll op Schuedenersatz geklot hunn, et wier ee sech awer aussergeriichtlech eens ginn, heescht et. Aner Leit mat ze vill Kiloen op de Rëppe solle kritiséiert hunn, net an d'Dusche vum Boutique-Hotel ze passen, dass d'Zëmmeren ze kleng wieren an d'Still onbequem.
Rechtlech gesi kann een hei net vun Diskriminéierung schwätzen, well Iwwergewiicht an dësem Kontext net am däitschen Antidiskriminéierungsgesetz virkënnt.
Donieft gëllt an hirem Hotel och e Kanner-Verbuet.