Den 12. September huet d'Niess vum Grand-Duc Henri, d'Gabriella vun Éisträich, dem Prënz Henri vu Bourbon-Parma d'Jo-Wuert ginn.

De Prënz Henri an d'Äerzherzogin Gabriella si schonn zanter laangem eng Koppel. Den 22. Oktober 2017, just eng Woch ier hir gemeinsam Duechter Victoria Antonia Marie-Astrid Lydia gebuer gouf, koum d'Demande en mariage. An där Zäit hu si eng Fern-Bezéiung gefouert, well de Prënz nach am Ausland studéiert huet.

Den 12. September dëst Joer war et endlech souwäit. Op Schlass Tratzberg hu si sech d'Jo-Wuert ginn.

D'Äerzherzogin Gabrialla Maria Pilar Yolande Joséphine-Charlotte vun Éisträich, déi den 26. Mäerz 1994 zu Genf op d'Welt komm ass, ass déi jéngst Duechter vum Äerzherzog Carl-Christian vun Éisträich an der Prinzessin Marie-Astrid vu Lëtzebuerg. Hire Papp ass den drëtte Fils vum Carl Ludwig vun Éisträich. D'Famill vum Gabriella huet awer och Liene mat der Brittescher Kinneksfamill. Seng Grousseltere sinn ënner anerem de Grand-Duc Jean an der Prinzessin Joésphine-Charlotte.

De Prënz Henri Luitpold Antoine Victor Marie Joseph of Bourbon-Parma ass de 14. Oktober 1991 an Dänemark op d'Welt komm. Hien ass de jéngste Fils vum Prënz Erik vu Bourbon-Parma an der Comtesse Lydia Holstein-Ledreborg, déi 1999 gescheet goufen. Dem Henri seng Grousselteren sinn de Comte Knud Holstein-Ledrgeborg an d'Prinzessin Gabrielle vu Lëtzebuerg.

De Prënz Henri an d'Äerherzogin Gabriella sinn deemno Cousin a Cousine zweete Grad. Allebéid sinn Urenkele vun der Grande-Duchesse Charlotte.