
Wéi et der Bild-Zeitung no heescht, wier beim 81 Joer-ale Siegfried Fischbacher Bauchspeicheldrüse-Kriibs diagnostizéiert ginn. Den Tumeur selwer gouf erausoperéiert, ma de Kriibs hätt schonn am Kierper gestreet, eng Heelungschance ass dohier extrem kleng.
Virun 9 Méint eréischt war jo säi Büne-Partner Roy Horn u Corona gestuerwen. Am Joer 2003 hat den Horn eng Tigerattack iwwerlieft, ma et ass méi roueg ëm déi 2 ginn.