
Hien huet dobäi, eegenen Informatiounen no, en neie Rekord am Déiftauchen ouni Sauerstoffapparat, och Apnoe-Tauche genannt, opgestallt. Offiziell confirméiert muss dat awer nach vum Guinness-Buch ginn.
D’Tauche wier fir hien net nëmmen eng Aarbecht oder en Zäitverdreif. De Rekord wollt hien dem Baikalséi widmen, dee senger Meenung no en “eenzegaartegt Phenomen” wier a fir déi nächst Generatiounen misst erhale bleiwen. Dëse Séi ass de gréisste Séisswaasserséi vun der Welt. Bannent de leschte Joerzéngte goufen et an där Regioun ëmmer nees Ëmweltproblemer, ënnert anerem eng staark Ausbreedung vun Algen oder Bëschbränn.
Den Alexej Moltschanow huet schonn eng Partie Rekorder opgestallt a konnt sech ganzer 14 Weltmeeschtertitele sécheren.