
E Méindeg gouf jo bekannt, dass sech de Mediekonzern “Blackstone” un hirer Produktiounsfirma “Hello Sunshine” bedeelegt huet. Den Deal soll bei 900 Milliounen Dollar leien, wat ëmgerechent 758 Milliounen Euro sinn. “Hello Sunshine” gouf 2016 gegrënnt, fir Geschichten ze zielen, déi vu Frae gepräägt goufen, dorënner “Big Little Lies”, “The Morning Show” oder “Little Fires Everywhere”. Zil vun der Produktiounsfirma war et, d’Aart a Weis ze veränneren, wéi d’Fraen an de Medien duergestallt a gesi ginn.
D’Witherspoon wäert hiren Undeel un der Produktiounsfirma vun op d’mannst 18% behalen. De Rescht vun hirem Verméige geet op hir Schauspill-Karriär zeréck. Zanter 30 Joer steet déi weltbekannte Blondin schonn hannert der Kamera.
Hiren Duerchbroch hat si 1991, wéi si d’Roll vum Danielle am US-Drama “The Man in the Moon” verkierpert huet. Bekannt gouf d’Witherspoon duerch d’Filmer “Pleasantville”, “Election”, “Legally Blonde”, “Walk the Line” an “Wild” a gouf ënnert anerem scho mat engem Golden Globe an engem Oscar fir déi bescht Haaptduerstellerin ausgezeechent.