Fir 30 Gastronomiestudente geet zu Dubai een Dram an Erfëllung: Si representéiere Lëtzebuerg op der Weltausstellung.

Lëtzebuerger Spezialitéite, proposéiert vum Chefkach Kim Kevin de Dood, eng 5.000 Kilometer vum Grand-Duché ewech ze genéissen, dat ass eng onerwaarte gastronomesch Erfarung.

Et ass eng Chance fir déi 30 Lëtzebuerger Studenten, déi sech hei ofwiesselen, fir zu senger Ekipp ze gehéieren. Dës Studente wäerte sech och nach no hirem Déngscht vu villem inspiréieren, wat se hei zu Dubai op der Weltausstellung erlieft hunn.

Mir entdecken elo zesummen den Alldag vum Anja, dem Chloé, dem Brian an all deenen anere Schüler aus der Restauratioun, déi sech niewent engem grousse lëtzebuergesche Kach en Dram realiséieren.

Bis zum Schluss vun der Weltausstellung sinn all Dag véier lëtzebuergesch Studenten an der Kiche vun der "Schengen Lounge" aktiv. De Restaurant an onsem Pavillon forméiert hei déi zukünfteg Diplomkäch, dank engem Partenariat mat der Hotel- an Tourismusschoul vu Lëtzebuerg. Den 30 Joer jonke Kim Kevin de Dood gëtt gäre weider, an dëst, well en déi Joer, wou hien zu Lëtzebuerg ausgebilt gouf, net vergiess huet.

Nodeems de Kim Kevin an engem Stäre-Restaurant zu Singapur geschafft huet, huet hien d'Menüskaart zu Dubai selwer kreéiert, andeems hie sech un de kulinareschen Traditioune vum Grand-Duché inspiréiert huet. Eng nei interpretéiert Lëtzebuerger Kichen, déi esouwuel de Gäscht ewéi och de ville Lëtzebuerger, déi de Pavillon besiche kommen, gefale soll.

Eng aner Erausfuerderung fir de Kim Kevin ass et, fir e gudde Proff fir seng Schüler an der Ekipp ze sinn. Niewent Profien zu Dubai ze schaffen, ass och fir dat 24 Joer jonkt Anja eng eemoleg Erfarung.

Am Ausland mat lëtzebuergesche Platen a Wäiner ze schaffen, ass éischter eng seelen Erfarung fir d'Chloé, déi hei nach méi vun hirer Vocatioun fir Restauratioun iwwerzeegt ass. Et ass e Beruff, deen och de Brian dreeme léisst. Den 19 Joer jonke Student portugisescher Ofstamung wäert am Mäerz säin Ofschlossdiplom maachen.

Iwwerraschunge ginn et zu Dubai méi wéi genuch. No hirem Asaz maache sech de Brian an d'Sydney op de Wee, fir aner Pavillone besichen ze goen. Si hunn der scho 60 gesinn a wëllen haut deen aus der Schwäiz entdecken, deen een op eng virtuell Rees duerch d'Bierger an den Niwwel vum Land mathëlt.

Dës zwee leidenschaftlech Gastronome wëlle sech och vun auslännesche Platen inspiréiere loossen. Haut schmaache se dee berüümte Schwäizer Racletteskéis. De Yannick Saladin, Chef am Restaurant vum "Pavillon Suisse", erzielt, wéi gutt de Kéis trotz der Hëtzt bei de Leit ukënnt:

"Och wann et 50 Grad sinn, naja villäicht net grad, mä et ass extrem waarm dobaussen an awer wëll all Mënsch onse Raclettskéis schmaachen, well et d’Ikone vun der Schwäiz representéiert."

Wärenddeem de Brian an d'Sydney hir Raclette genéissen, geet dem Chloé an dem Anja hir Schicht och op en Enn an esou trëppele se duerch d'Gäng vun der Weltausstellung, déi 192 Länner representéiert.

Wa si all hir Diplomer hunn, steet et elo fir d'Anja an d'Chloé scho fest, dass et an d'Ausland fir si geet. De Brian hofft, dass e sech villäicht a Portugal nidderléisst, do, wou seng Famill hierkënnt. Esou ewéi de Kim Kevin de Dood dreemen och dës Schüler dovunner, iwwerall op der Welt de Botschafter vun onser Lëtzebuerger Gastronomie ze sinn.