Fir d'Fans vum Jean Pierre "JP" Kraemer, dee virun allem duerch seng Sendung "Die PS-Profis" bekannt ginn ass, koum dës Noriicht zimmlech iwwerraschend.

Leschte Freiden huet de Youtuber en 50 minuttelaange Video op sengem Youtube-Kanal verëffentlecht, an deem e gudde Frënd a säin Therapeut de Fans erkläert hunn, datt beim 41 Joer ale Star eng autistesch Spektrum-Stéierung diagnostizéiert gouf. Aussoen no géif de JP Kraemer zanter der Diagnos zréckgezunn a senger eegener Welt liewen a sech a säin Ëmfeld hannerfroen. Hie géif awer an Zukunft seng Bekanntheet a seng Reechwäit op de soziale Reseauen notzen, fir d'Leit iwwert d'Krankheet an déi verschidden Aarte vum Autismus opzeklären.

Nodeems de JP Kraemer kierzlech zouginn huet, datt hien zanter längerem méi oder manner staark Depressiounen hätt, ass dës Diagnos e weidere Réckschlag. Mä hie wäert net opginn a sech zréck an d'Liewe kämpfen, esou säin Therapeut.

Den däitsche Moderator, deen och de Lëtzebuerger e Begrëff dierft sinn, well hien zesumme mam Jan-Erik Slooten d'Motorsport-Ekipp IronForce Racing gegrënnt huet, déi den Ament den Dylan Pereira ënner Vertrag am däitsche Porsche Carrera Cup stoen hunn, wéilt sech an enger éischter Instanz zeréckzéien, fir duerno a voller Stäerkt erëmzekommen.

RTL

© ATP

An der aktueller IronForce Racing-Ekipp ass de Jean-Pierre Kraemer awer net méi als Partner involvéiert. Déi Kollaboratioun ass scho viru längerem opgeléist ginn.