Wéi kann een zum Beispill doheem fir sech Permakultur entdecken? Wou kann ee méi iwwert dës Approche gewuer ginn? E puer praktesch Infoen iwwer Permakultur

Am Ufank vun dëser Serie hu mer eis d'Fro gestallt, wat alles ënnert de Begrëff Permakultur fält. Nodeems mer duerch d'Land gereest sinn a Leit getraff hunn, déi sech an dësem Beräich engagéieren, kënne mer doraus schléissen, dass Permakultur eng Design Approche ass an dass een d'Ethik vun der Permakultur an d'Prinzippie praktesch an alle Beräicher uwende kann. Ma mir hunn an dëser Serie nach laang net alles behandelt, wat d'Permakultur ausmécht. Wéi kann een zum Beispill doheem fir sech Permakultur entdecken? Wou kann ee méi iwwert dës Approche gewuer ginn? Op dës Froe gëtt d'Julie Mathes eis e puer Denkustéiss.

Wann dës Projeten Iech inspiréiert hunn, da kann ech Iech berouegen, dass dat nach net alles ass, wat hei zu Lëtzebuerg am Zesummenhang vun der Permakultur gemaach gëtt. Um Site vun der CELL, dem centre for ecological learning Luxembourg, fannt Dir nach vill weider Aktioune, Projeten an Iddien, wou der Iech inspiréieren an engagéiere kennt. Hei fannt der ënner anerem Projeten, wéi de Repair Café, wou een zesumme kënnt a wou ee mat anere Leit futtis Saache reparéiere kann. Jidderee kann hei säi Kënnen a Wëssen matbréngen an dobäi vun deem anere léieren an den Objeten eng zweet Chance ginn. Bei dësem Projet kann een net nëmme Sue spueren, mä et dréit een och dozou bäi wäertvoll Ressourcen an CO2 Emissiounen ze spueren.

Donieft fannt der op eisegaart.cell.lu eng Kaart mat deene verschiddene Gemeinschaftsgäert hei zu Lëtzebuerg, wou ee sech aktiv mat abrénge kann. Donieft fannt Dir op dësem Site och een Agenda, wou verschidde Formatiounen zum Thema Gaart a Permakultur ugebuede ginn.

Deejéinegen, deen interesséiert ass, ee ganze Cours iwwer Permakultur ze maachen a sech richteg mat deene verschiddenen Themen ausernee setze wëll, dee kann de Permaculture Design Certificate maachen. Dëse Cours gëtt a ville Länner mëttlerweil ugebueden a soll als Training gëlle fir jiddereen, dee sech privat oder professionell an der Permakultur weiderbilde wëll. Och zu Lëtzebuerg gëtt dëse Cours ugebueden. Op mycelium.lu fannt Dir zum Beispill Informatiounen zum Cours a wéi ee sech heifir umelle kann.

Wann der awer nach net ganz iwwerzeegt sidd an nach e bëssen Inspiratioun braucht, kënnt der ufänke mat engem Buch oder Film. Mëttlerweil ginn et nämlech eng ganz Rei Bicher a Ressourcen um Internet, wou der méi iwwer Permakultur gewuer gitt. Ee Buch, wat mech zemools inspiréiert huet, a wat menger Meenung no dat verkierpert, wat Permakultur ausmécht, ass Braiding Sweetgrass vum Robin Wall Kimmerer. An dësem Buch weist d'Autorin, wéi mir als Mënsche vun de Planzen an der Déierewelt léiere kënnen a sou net nëmmen d'Verbindung zu der Natur erëmfannen, mä och d'Verbindung zu de Leit ronderëm eis an zu eis selwer. D'Elizabeth Gilbert beschreift d'Buch als "hymn of love to the world."

Links a Bicher

Informatiounen iwwert déi verschidde Prinzipien an d'Ethik vun der Permakulutr mat Videoen: https://permacultureprinciples.com/

Fir offiziell Permaculture Design Coursen ze fannen: https://www.permaculture.org.uk/education/course-listings

Ee Film, deen inspiréiert: My biggest Little Farm (John Chester)

Een Dokumentär, deen de Problem vun der industrieller Landwirtschaft ervirhieft: The Seeds of Vanadana Shiva ( Camilla Denton Becket, James Becket)

Braiding Sweetgrass (Robin Wall Kimmerer)

Permaculture: Principles and Pathways beyond Sustainability (David Holmgren)

Permaculture: A Designers' Manual (Bill Mollison)

Sacred Economics: Money, Gift, and Society in the Age of Transition (Charles Eisenstein)

Permakultur im Hausgarten: Handbuch zur Planung und Gestaltung mit vielen Beispielen (Jonas Gampe)

Sepp Holzers Permakultur: Praktische Anwendung für Garten, Obst- und Landwirtschaft (Sepp Holzer)

D'Serie am Iwwerbléck: