D'Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) haten nees en Traktertour fir de 26. Dezember organiséiert.

E Méindeg war déi drëtt Editioun vum Christmas-Tour. D'Lëtzebuerger Landjugend a Jongbauere waren e Méindeg mat ronn 500 feierlech dekoréierten Trakteren am Land ënnerwee. D'Gefierer hu sech op 7 Cortègen, vu Klierf bis Péiteng, opgedeelt. D'Traktere mat de faarwege Liichterkette fuere laanscht Altersheemer, verschidde Spideeler a sozial Ariichtungen.

D'Iddi gouf jo wärend der Pandemie gebuer, fir de Leit an den Altersheemer, de Spideeler oder anere soziale Strukturen eng kleng Freed ze maachen. An engems wollt een awer och dem Personal Merci soe fir hiert Engagement.