Zanter de Méindeg dierfe sech 9 Restauranten hei am Land iwwert déi wuel prestigiéisten Auszeechnung an der kulinarescher Welt freeën.
Een neien ass dobäi komm an ass elo an der Lëscht vun de Michelin-Stärerestauranten zu Lëtzebuerg.
De Restaurant Eden Rose zu Keel vum Caroline Esch an dem Valérian Prade. Déi zwee jonk Käch schaffen zanter 2 Joer zesummen. An an där kuerzer Zäit hu si et mat hirem Restaurant, dee fir seng glutefräi Kiche bekannt ass, an de kulinareschen Olymp gepackt a kruten elo als Belounung, de Michelin-Stär. An deen huet sech net nëmmen an den 2000 Messagen per Mail an iwwert soziale Netzwierker bemierkbar gemaach, mee och direkt bei de Reservatiounen.
„Les gens ont déjà commencé déjà reservé dès lors quand on avait le titre. L‘étoile qui est arrivée. On a eu un pic de 350 e-mails en moins de 24 heures. C‘était vraiment impressionant. Même que je pensais que c‘était une blague. J‘ai dû alors géré tout ça et j‘étais assise presque 7 heures sur une chaise pour répondre à toutes les e-mails, parce que pour moi, c‘était normal de leur donner une réponse très rapidement.“
An dat war guer net esou evident, wann ee bedenkt, dass d‘Caroline am Ufank eleng de Restaurant 2019, just virun der Pandemie, mat senger Mamm iwwerholl huet, ier den Valérian am Mee 2021 dobäi komm. Ma haut sinn si houfreg op hiren Erfolleg an hate sech déi heiten Auszeechnung net erwaart, ma dach awer erhofft.
„Super content que ça tombe pour l‘établissement. Ça récompense beaucoup
le travail, une équipe, les fournisseurs, les partenaires. C‘est vraiment plus un travail un peu intense, donc c‘est sûr quand ça tombe, c‘est plutôt plaisant.“
D‘Success Story huet schonn d‘lescht Joer ugefaangen, wou si am Gault et Millau als Entdeckung vum Joer ausgezeechent goufen an de Valérian de Präis vum jonke Chef vum Joer 2023 iwwerreecht krut. An ab elo zielt Lëtzebuerg dann och nees eng Fra an der Kichen mat engem Michelinstär.