Wann Dir och déi däitsch Tëlee kuckt, seet iech den Numm Carola Holzner villäicht eppes, si ass och nach ënnert dem Numm Doc Caro bekannt.

Bei eisen däitsche Kolleegen op der Tëlee kréie mer se reegelméisseg bei "Doc Caro, Einsatz mit Herz" ze gesinn. Si huet sech en Numm als Doktesch an als Webvideo-Produzentin gemaach. Do donieft schreift si awer och nach Bicher an dofir war si de leschte Weekend zu Hesper am CELO fir eng Virliesung.

Onofhängeg vun hirem Beruff an hirer Popularitéit vun der däitscher Tëlee engagéiert sech d'Carola Holzner do, wou et nëmme geet. Hir ass et wichteg, virun allem ze informéieren. Esou huet si wärend der Corona-Pandemie hire Kanal gegrënnt. Awer net ëmmer ass hiert Wësse gutt bei de Leit ukomm, vill Kriticken huet se missen astiechen. Dat hëlt si awer labber a laacht driwwer.

RTL

Esou war et eng gréisser Erausfuerderung fir d’Carola, wat ee seet a wéi een et seet, esou gouf hir och den Impakt bewosst, wat fir Auswierkungen dee ganzen Onlineprojet hätt.

Niewent hirer Dokteschkarriär schreift si och Bicher. Dat lescht mam Titel "Keine halben Sachen" ass esou, ewéi déi virdrun, en autobiographescht Buch, wat hir och hëlleft, dat ze verschaffen, wat se am Alldag erlieft.

Eng Doktesch mat Häerz, déi elo schonn Zukunftspläng huet. Am Hierscht soll eng nei Doku op der däitscher Tëlee kommen, d'Carola ass wéi gesot ëmmer am Asaz an dëst virun allem, fir Liewen ze retten.

RTL