E gastronomesche Menü ze kachen op Basis vu Liewensmëttel, déi soss an der Biogasanlag gelant wieren, dat ass d’Konzept vum neie Restaurant BENU Sloow.

D'Iddi, wéi bei all de Materialien, déi am BENU Ecovillage verschafft ginn, ass et, Saachen ze brauchen, déi kee méi wollt gebrauchen a soss ewechgeheit gi wieren. No Baumaterialien an Textilie verschaffe si elo och Liewensmëttel. Produiten, déi et net an den Handel a bei den Endkonsument gepackt hunn, obwuel se iessbar sinn, well se entweder vu Supermarchéë refuséiert oder no um Halbarkeetsdatum sinn.

D'Käch wëllen allerdéngs net alles an en Dëppe geheien an eng Zopp kachen, mee dorausser gastronomesch Menüe preparéieren. Dobäi wäert Kreativitéit gefrot sinn, well hinnen de Fournisseur ëmmer dat bréngt, wat e grad iwwereg huet an dat wäert variéieren. Dofir sinn op der Kaart ëmmer Suggestiounen ze fannen, well ëmmer aner Produite geliwwert ginn a si ni wëssen, wat se kréien. Wat awer feststeet, ass, dass vegetaresch a vegan wäert gekacht ginn an d'Produiten zum gréissten Deel Bio sinn. Op de Präis vun de Platen ugeschwat, seet de Georges Kieffer, de Grënner vum BENU Ecovillage, dass ee bei engem Business-Lunch bei ëm déi 39 Euro wäert leien.

"Mir sinn dofir, an dat maache mer mat all eise Projeten, dass d'Aarbecht muss bezuelt ginn. An déi Aarbecht do komme mer herno awer op Präisser, obwuel Gott sei dank e groussen Deel da vun deene Wueren tatsächlech entweder fir näischt oder fir e ganz nidderege Präis waren.", esou de Geroges Kieffer.

Den Ament bitt de BENU Sloow owes eng "Table d'hôte" un a vum 7. Juni u wäert de Restaurant da 7 Deeg op 7 op sinn.