Kennt Dir Är Noperen? Dee lénks an dee riets? Oder kennt Dir se all bei Iech am Duerf? Wann net, gëtt et Zäit, en Noperschaftsfest z'organiséieren.

Leschte Weekend war den Optakt vun den "Fêtes des voisins" hei zu Lëtzebuerg. Vun eise franséische Kolleege viru 15 Joer iwwerholl, huet sech dat och hei zu Lëtzebuerg agebiergert.
An dofir wäerten elo ëmmer méi "Route barrée"-Schëlder wärend de Weekender optauchen. Stroossen an den Dierfer, déi fir een Dag gespaart sinn.

Fir d'Awunner e wichtegen Aspekt fir sech mateneen ze verdroen a sech kennen ze léieren. Esou kritt een och vun deenen eenzele Gemengen ënnert d'Äerm gegraff, wann een eng Demande mécht. Hei zu Lëtzebuerg sinn et direkt 3 Associatiounen, déi sech hei mat drëms këmmeren: d'ALSP, de CELL an d'ASTI.

44 Gemengen hate sech elo leschte Weekend ugemellt. Déi Dierfer kréien da Bänken an Dëscher vun deene jeeweilege Gemengen, an dann heescht et, fir Iessen a Gedrénks suergen, mä och dat ass meeschtens séier geléist, andeems all Mënsch eppes matbréngt. Déi meescht fannen dann och, dass dëst Fest net feelen dierf.

Austausch vu Kulturen, Iessen, Gedrénks a Gespréicher - alles, wat dofir schwätzt, sech gutt mat sengen Noperen ze verdroen. A genee dofir ginn et jo déi Noperschaftsfester, vun deene leschte Weekend den Optakt war, elo ass et un Iech fir ze organiséieren, well wéi soe se ëmmer: "Noper sinn, ass esou einfach ewéi Bonjour".