Summer-Serie (Deel 5)D'Vidosava Kuzmic doriwwer, wéi ee sech trotz Krankheet schéi fillt

RTL Lëtzebuerg
Elo am Summer blécken eis RTL-Journalisten op dat lescht Joer zeréck a verroden eis, wéi ee Reportage hinnen am meeschte Spaass gemaach huet.

D’Vidosava Kuzmic huet am September zejoert eng Fra besicht, déi schonn eng Rei Schicksalsschléi hannert sech huet. Nodeems d’Andrée Cloos-Conter hire Mann am November 2021 un d’Krankheet Kriibs verluer huet, huet si am Fréijoer 2022 e Knuet an hirer Broscht entdeckt.

Et war mir wichteg, mol eng Kéier d’Thema Ästhetik am Kontext vu Krankheet unzeschwätzen.

Déi 69 Joer al Fra léisst sech vun hirer Diagnos awer net ënnerkréien. “Bei enger Kriibserkrankung ass dat Allerwichtegst d’Moral – d’Moral fir sech net vun där Krankheet schloen ze loossen, fir Hoffnung ze hunn a fir géint déi Krankheet ze kämpfen.” Dozou gehéiert fir si och d’Ausgesinn.

Wéi behält een d’Gefill vun der eegener Identitéit, wann een un esou enger Krankheet leit? Wéi fillt ee sech weiderhi schéin, och wann engem d’Hoer ufänken auszefalen? Doriwwer huet d’Vidosava Kuzmic mat enger Rei betraffene Frae geschwat.

Mä d’Journalistin ass an dësem Reportage ausnamsweis och selwer zum Sujet ginn. D’Vidosava Kuzmic huet hir laang Hoer fir déi däitsch Organisatioun “Haare spenden” geaffert, déi aus de Spende Parécke fir Kriibspatiente maachen.

Wat huet dëse Reportage esou besonnesch gemaach?

D’Vidosava Kuzmic iwwert hire Choix: “Bei esou schwieregen an emotionalen Theeme wéi enger Kriibs-Erkrankung sinn ech ëmmer nees dankbar, wa Leit wéi d’Andrée Cloos-Conter eis empfänken a virun der Kamera hir Geschicht erzielen. Dat ass fir mech net selbstverständlech.

An dësem Fall war ech besonnesch begeeschtert vun hirer Perséinlechkeet an hirer Manéier, mat esou enger Situatioun ëmzegoen. Doriwwer eraus war et mir wichteg, mol eng Kéier d’Thema Ästhetik am Kontext vu Krankheet unzeschwätzen, a wat ee ka maachen, fir sech trotz den äusserlechen Ännerunge schéin ze fillen.”

Den Artikel fannt Dir hei. De ganze Video kënnt Dir Iech hei ukucken:

Sech schéi fillen trotz Krankheet
Wann d’Diagnos Kriibs een net just vu banne mee och vu bausse verännert. Wéi geet een domat ëm? A wéi kann ee sech nees wuel spieren an der eegener Haut?

Deel 1: Den Olivier Catani wot sech op 200 Meter iwwer Jonglënster
Deel 2: D’Rosa Clemente schwätzt mat Fraen iwwer Obdachlosegkeet an Drogesucht
Deel 3: D’Lea Schwartz léiert d’Schicksal vu rumänesche Stroossemuppe kennen
Deel 4: Den Dan Wiroth besicht dat gréisste Flüchtlingslager vun der Welt

Back to Top
CIM LOGO