Elo am Summer blécken eis RTL-Journalisten op dat lescht Joer zeréck a verroden eis, wéi ee Reportage hinnen am beschte gefall huet.

Fir den Dan Wiroth ass et d'Schicksal vun de Rohingya am Bangladesch, dat dëst Joer déi gréissten Impressioun bei him hannerlooss huet.

Den Dan Wiroth iwwert säi Reportage:

"Wou ech vun der Redaktioun gefrot gouf mäi "Lieblingsreportage" vum leschte Joer eraus ze sichen, war et schwéier fir mech, e Choix ze treffen. Am investigative Journalismus gëtt et keng "Lieblingsreportage", mee nëmme wichteger."

"D'Thema Flüchtlingen a Migratioun war an ass fir mech ëmmer e wichtegt Thema. Sou koum et, dass ech a menger 17 Joer laanger Karriär als Journalist scho vill Flüchtlingscampe gesinn hunn. Dimitrovgrad a Serbien, Chios a Griicheland a Calais heivir a Frankräich hu mech am meeschte beandrockt."

De Reportage iwwert ee Liewen am gréisste Flüchtlingslager vun der Welt ass menger Meenung no wichteg, well et en Temoignage ass vun enger Realitéit, déi mir dacks an Europa net wëlle wouerhuelen.

"D'Liewen am Camp Kutupalong am Bangladesch" ass entstanen, wou ech de Minister Franz Fayot leschten Abrëll bei enger Aarbechtsrees an de Bangladesch begleet hunn. Meng Missioun war et, iwwer déi Lëtzebuerger ONG'en ze informéieren, déi dohannen op der Plaz aktiv sinn. Bei dëser Rees war virgesinn, dass mer och de Camp "Kutupalong"  besiche ginn, wou ënner anerem d'Organisatioun "Friendship Lëtzebuerg" an och déi Lëtzebuerger Branche vun der "Caritas" op der Plaz hëllefen.

RTL

Wat huet dëse Reportage esou besonnesch gemaach?

Den Dan Wiroth: "De Camp "Kutupalong", no bei der Stad Kox Bazar am Süde vum Bangladesch ass e Camp wéi keen aneren. Do liewen bal 1 Millioun Rohingyas. Si sinn eng moslemesch Minoritéit, déi am Oktober 2017 aus dem Myanmar hu misse flüchten, alles hannert sech loossen, fir net der buddhistescher Majoritéit an den Zaldoten aus dem fréiere Burma zum Affer ze falen. Sechs Joer laang liewe si elo schonn a klenge Blech- a Bambus-Hütten an dëser improviséierter Groussstad, isoléiert vum Recht vun der Welt, well e véier Meter héijen Drot de Camp vun der Aussewelt trennt.

Si däerfen net eraus, si däerfen net schaffe goen a si däerfe kee Commerce am Camp bedreiwen. Si liewen den Alldag ouni Perspektiv op eng Ännerung mat 9 Dollar de Mount, déi se vum Welternärungsprogramm (WFP) kréien, fir ze iwwerliewen. All Joer wiisst de Camp. Net, well weider Flüchtlinge bäikommen, mee well all Joers 30.000 bis 40.000 Kanner do gebuer ginn. 50 Prozent vun de Flüchtlingen an dësem Camp si mannerjäreg.

Dëse Punkt huet mech markéiert, well ech mech an d'Haut versetze vun de Mannerjäregen, déi do zënter sechs Joer vegetéieren an de Puppelcher, déi am Camp op d'Welt kommen an näischt aneschters kennen, wéi e Liewen hannert de Gitter am gréisste Flüchtlingscamp vun der Welt."

De ganzen Artikel fannt Dir hei. De Video kënnt Dir Iech hei ukucken: