D'Liewen um Kass-Haff zu Rolleng

Um Kass-Haff zu Rolleng kréie Kleng a Grouss d'Méiglechkeet, der Famill Kass bei der Aarbecht iwwer d'Schëller ze kucken an eng Hand mat unzepaken.
Vill vun eis sinn als Kand gären op de Bauerenhaff gaangen, fir do déi verschidden Déieren ze gesinn a wa mir Chance haten, esouguer eng Hand kënnen unzepaken, wann et drëms gaangen ass, si ze fidderen oder ze kämmen. Ma genee dat kann een um Kass-Haff zu Rolleng erliewen.
De Kass-Haff ass ee biologesch-dynamesch geféierten Haff, op deem schonn zanter 2002 nieft eegener Produktioun an engem Haff-Buttek och pedagogesch Aktivitéiten ugebuede ginn. Ob Schoulklassen, Fräizäitaktivitéiten, Crèchen, Maison-relaisen oder Kannergebuertsdeeg a Féierunge fir Erwuessener, jiddereen ass hei wëllkomm fir der Famill Kass bei der Aarbecht iwwert d'Schëller ze kucken an ze hëllefen. Den Haff gouf dann och op verschiddene Plazen esou gebaut, dass Kanner gutt nokucke kënnen.
Elo am August organiséiert de regionalen Tourismusverband Guttland dann direkt zwou Visitten um Haff an dat fir déi ganz Famill. Dat souwuel den 3. wéi och den 31., also 2 Mol donneschdegnomëttes vu 14 bis 17 Auer. Wat een hei genee erwaart, weess d'Nadine Schanck:
"Duerch aktiv Mathëllef bei der Aarbecht um Bauerenhaff léieren d'Kanner d'Liewe vun den Déiere kennen. Dat heescht an där Zäit, wou d'Kanner vläicht éischter méi dee prakteschen Deel erkënnegen, ass et esou, dass déi Erwuessen éischter en Abléck kréien, wéi de Familljebetrib zäitgeméiss gefouert a bewirtschaft gëtt. Zum Schluss däerf Grouss a Kleng sech dann och iwwert eng regional Stäerkung freeën."
Wichteg ze wëssen, ass, dass d'Kanner bei dëser Aktivitéit a Begleedung vun engem Erwuessene solle sinn.
Umelle kann ee sech nach op visitguttland.lu, mee maacht Iech bäi, éiert keng Plaz méi fräi ass.
All Dag plécke mir fir Iech een Event oder eng Aktivitéit eraus:
Den Tipp vun e Méindeg: Maislabyrinth vum Park Sënnesräich
Den Tipp vun en Dënschdeg: Congés annulés an de Rotondes
Den Tipp vun e Mëttwoch: 24 Stonne Vëlo Wëntger
Den Tipp vun en Donneschdeg:Keramik-Workshop zu Stengefort
Den Tipp vun e Freideg:Post History T’OUR zu Aasselbuer